
D’ULC huet an engem Communiqué virop bedauert, datt et mat der CSV-DP-Regierung kee Ministère fir de Konsumenteschutz méi gëtt. Dobäi hätte béid Parteien nach am Walkampf sech fir e staarke Schutz vun de Verbraucher ausgeschwat.
D’ULC begréisst allerdéngs, datt de Konsumenteschutz ënnert engem Ministère bleift an net opgedeelt gëtt. Zoustänneg ass elo d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an en éischt rezent informellt Treffe mat hir géing villes verspriechen, sou nach d’ULC. Vill Wäert leet de Konsumenteschutz dorobber, datt sech eppes am Dossier “Sammelkloen” deet.