
Scho wärend der Pandemie goufen et Reklamatioune vun Elteren, wéi dëse Sujet an de Schoule mat de Kanner behandelt gouf. Ma elo soll dëst och beim Thema Ukrain-Krich de Fall sinn. Dobäi kruten d’Léierpersonal an d’Educateure kloer Instruktioune vum Educatiounsministère, dass den Ukrain-Russland-Konflikt net tabuiséiert soll ginn.
“An Europa ass Krich an dat mécht Angscht. Dat Wichtegst a Krisenzäiten ass, datt déi Erwuessen [...] de Kanner Sécherheet an Orientéierung ginn.”, sou heescht et am Schreiwes vum Educatiounsminister Claude Meisch, deen un d’Enseignanten an Educateuren hei am Land erausgaangen ass. Heira gëtt Léierpersonal opgeruff, de Krich och bei de Schüler ze thematiséieren an de Jonken d’Chance ze ginn, sech doriwwer auszetauschen, informéiert ze ginn an hiert Empfanne matzedeelen.
Ganz wichteg ass dann hei, datt objektiv iwwert de Krich geschwat gëtt an datt nëmme richteg Informatiounen diskutéiert ginn. Iwwert den Educatiounsministère kruten all Enseignanten dann och pedagogescht Material mat Inspiratiounen, op wéi eng Manéier een den Ukrain-Russland-Konflikt thematiséiere kann.
Natierlech wier et och un den Elteren, hir Kanner ze begleeden a Froen ze beäntweren. Esou ass och e Flyer un d’Elteren erausgaangen, mat e puer Rotschléi, wou a wéi ee seng Kanner altersgerecht informéiere kann a wéi ee mat den Ängschte vun de Kanner ëmgoe soll.
