Ze vill Fett, Zocker a KalorienDe Lëtzebuerger ësst schlecht

RTL Lëtzebuerg
"Am Allgemengen ësst de Lëtzebuerger schlecht! Ze vill Fett, ze vill Zocker an ze vill Kalorien!"
De Lëtzebuerger ësst schlecht
“Am Allgemengen ësst de Lëtzebuerger schlecht! Ze vill Fett, ze vill Zocker an ze vill Kalorien!”

Dee Constat mécht de Kardiolog Philippe Müller, deen e Freideg den Owend, zesumme mat aneren Invitéen op enger Konferenz iwwert d’Fro diskutéiert huet, wat mer an Zukunft iessen.

Iessgewunneschte vun de Lëtzebuerger - Reportage Danny Rasqué

Eng Konferenz, déi d’Ministèrë fir Konsumenteschutz a Landwirtschaft organiséiert haten. Aus medezinescher Siicht ass kloer, datt mer esou op alle Fall net kënne viru fueren.

Zu Lëtzebuerg ginn et ze vill Leit, déi iwwergewiichteg sinn an dowéinst riskéiere krank ze ginn, seet den Häerzspezialist a schwätzt vun enger Epidemie, déi grad esou schlëmm wier, wéi an den USA.

Och wa vill Leit manner oder kee Fleesch géifen iessen a sech Méi ginn, sech besser z’ernären, geet dat net onbedéngt duer. Den Dokter Philippe Müller:“Wat ass besser iessen? Déi meescht Leit wëssen net richteg, wat dat heescht. Mir hunn einfach e Schema am Kapp an deen ass esou, datt mer onbedéngt dat wëllen iessen, wat mer nach ëmmer giess hunn.”

Dat wier falsch. Et misst ee ganz anescht iessen, manner Fleesch, Mëllech oder industriell produzéiert Iessen. Eng gesond Ernierung huet awer och eppes mat Kafkraaft ze dinn, seet d’Carole Reckinger, déi politesch Spriecherin vun der Caritas: “Mir gesinn, datt zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit am Aarmutsrisiko sinn. Dat heescht, hire Budget, dee se fir Liewensmëttel hunn, dee gëtt ëmmer méi kleng an dat spillt schonn eng Roll. Et ass nach ëmmer esou, datt gesond Liewensmëttel deelweis vill méi deier sinn, wéi Fäerdegproduiten zum Beispill. En anere Facteur, deen dobäi kënnt, ass awer och Zäit.”

Dat ass en Argument, datt de Kach Carlo Sauber net gëlle léisst: “Als Kach soen ech, datt dat eng Organisatiounsgeschicht ass. Schnellkachdëppen, Dampfgarer, Tifküler a soss Technologië maachen et méiglech, eng gesond an equilibréiert Ernierung ze hunn.”

Och fir de Carlo Sauber ass et keng Fro, datt mer eis Iessgewunnechte mussen änneren. Bësse manner Fleesch ouni, datt jidderee misst Vegetarier ginn. Insekte sinn an den Ae vum Kach net d’Zukunft.

Back to Top
CIM LOGO