
Aus dem neiste Rapport vum europäeschen Airports Council International (ACI) geet ervir, dass d’Unzuel vun de Passagéier am Fluchverkéier souzesoen nees esou héich ass wéi nach virun der Pandemie. Méi genee waren am leschte Juni nëmme gutt 4 Prozent manner Fluchpassagéier ënnerwee wéi nach am Juni 2019. An am Verglach zum nämmlechte Mount 2022 ass en esouguer nees ëm 12,7% geklommen.
Den Olivier Jankovec, Direkter vum ACI erkläert, dass d’Leit d’Reese méi wäertschätze wéi jeemools virdrun. Dat virun Allem, fir d’Méiglechkeet ze notzen, fir Frënn a Famill am Ausland ze besichen. An awer misst een hei eng kloer Differenz tëscht verschidde Fluchhäfe maachen. Verschiddener ginn nämlech nëmme ronn hallef sou dacks ugeflunn wéi nach virum Ausbroch vu Corona.
Am beschten ofgeschnidden huet Island mat engem Plus vun 16,2%, viru Kroatien mat 15,7% a Griichenland mat ganze 14,8%. A mat 10,5% méi Fluchpassagéier leie mir zesumme mat Portugal op der véierter Plaz. Op der Säit vun de Verléierer stinn d’Finnen, déi e Minus vun 31% gemaach hunn.

London Heathrow bleift dee Fluchhafen an Europa mat de meeschte Landungen. Duerno kënnt Istanbul, den Airport Charles de Gaulle zu Paräis, Frankfurt an Amsterdam. Vun deene fënnef Groussen huet awer just Istanbul seng Pre-Pandemie-Zuele kënne verbesseren.