Géigewand aus FëschbechDe Mierscher Wandpark geet an déi nächst a quasi lescht Etapp

Monique Kater
Op de Rollengerbierg komme véier Eolienne stoen. E Wandpark, deen och polariséiert.
Wandpark zu Miersch
Véier Wandrieder sollen op de Rollengerbierg tëscht Lentgen a Miersch kommen

D’Geschicht vum Mierscher Wandpark hat bal e Baart kritt. Zéng Wandrieder waren et der am Ufank, an et hätt een zënterhier un engem Wandpark gedoktert. Guer net esou blöd, mengt deen, deen haut zu Miersch d’Soen huet. Dat hei wier e Projet, deen iwwer 10 Joer al wier: “Mir goufe gefrot, ob mer intresséiert wieren un engem Wandpark”, erkläert de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe, deen deemols Schäffe war. D’Gemeng sot “Jo”.

Fir deen aktuelle Projet war mat sechs Wandrieder ugefaange ginn, an elo sinn et der véier, just een dovunner op Mierscher Territoire. Déi aner dräi kommen och op de Rollenger Bierg, mee eben déisäits der Gemengegrenz, op Lëntgen.

Déi héchst Eolienne schéisst 206,5 Meter an d’Héicht – de Rotor, vertikal geriicht, matgerechent. Deen eleng huet en Duerchmiesser vun 115 Meter, beim Tuerm sinn et der 13.

Gemeng Fëschbech mécht op negativen Impakt vum Wandpark opmierksam

En imposanten Agrëff an d’Natur an an eisen Alldag, duerch déi nei Dimensiounen, seet Fëschbech elo, an zielt op hirem Site zeg Fakten op, déi d’Gemeng negativ géingen impaktéieren.

Fir eng Stellungnam war dann awer fir eis keen z’erreechen.

De Bedreiwer weist sech erstaunt iwwer de Reproche, et hätt ee Fëschbech lénks leie gelooss. Schous wier elo liicht méi impaktéiert, seet de Chef vu Soler. Et wier een awer 1.300 Meter ewech. A wäit ewech vun de strenge Lëtzebuerger Grenzwäerter. Zum Beispill dierfen déi fir de Kaméidi 37 Dezibel net iwwerschreiden, erkläert de Paul Zeimet.

Ob se granzeg wieren, zu Fëschbech, wéisst hien net, just dass Schous am Kader vun der Informatiounsversammlung op d’Barrikade geklomme wier a géint d’Eoliennen, seet de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe, an erënnert drun, dass dës net op Fëschbecher Territoire stoe kéimen.

Natierlech confirméiert och de Mierscher Netzbedreiwer, deen hei mat Soler eng Joint venture huet, dass Schied a Schall an der Rei wieren. E reegelméissege Verglach: t’wier manner wéi e Frigo, dobäi kéim et vu baussen an de Schall wier mat deene Referenz-Wäerter net ze héieren, erkläert de Pete Hoffmann. An och de Schied wier, wéinst der grousser Distanz, esou diffus, dass een e net méi géif gesinn. Näischt, wat een engem net kéint zoumudden.

Och de Buergermeeschter vu Lëntgen wonnert sech iwwer d’Haltung vu Fëschbech. Zu Lëntgen wier keng Manifestatioun dogéint gewiescht, obschonns ee méi no um Wandpark dru léich. Wann een als Gemeng alternativ Energie wéilt, kéint ee säi Wandpark net an der Belsch opriichten, sou den Henri Wurth, deen iwwregens, genee wéi säin Homolog aus der Gemeng Fëschbech, net méi mat an d’Wale geet.

Fëschbech wier, sou Wurth a Malherbe, op alle Fall genee esou informéiert gi wéi si, a bei de Reuniounen dobäi gewiescht. Elo kann ee sech am Kader vum Commodo nach eng Kéier schrëftlech a mëndlech bei hinnen iwwer de Projet beschwéieren.

PDF: Réunion d’information sur le projet éolien

Back to Top
CIM LOGO