Generalprouf fir NationalfeierdagDe Militärfliger A400M flitt en Donneschdeg iwwer d'Stad

RTL Lëtzebuerg
Am Virfeld vun der Parad op Nationalfeierdag sinn an den nächsten Deeg d'Generalprouwen an der Stad.
© Archiv

Am Kader vun der Generalprouf vun der Parad fir Nationalfeierdag an der Stad wäert de Militärfliger A400M vun der Lëtzebuerger Arméi en Donneschdeg de Mëtteg an niddereger Héicht iwwer d'Stater Avenue de la Liberté fléien. Dat deelt de Presseservice vun der Regierung an engem Schreiwes mat.

Iwwerdeems ass et d'Annonce, dass d'Generalprouf vun der Parad um Buedem e Sonndeg den 21. Juni vun 9 Auer moies u wäert sinn.

D'Schreiwes vum Presseservice

Back to Top
CIM LOGO