
Dee qualifizéierten, esou wéi deen onqualifizéierten Mindestloun ginn domadder vum 1. Januar 2021 un ëm 2,8% gehuewen.
Bei der Ukënnegung vun dëser Erhéijung gouf et Kritik vum Patronat, déi de Marc Baum vun Déi Lénk awer net novollzéie kann:
"Et kéim ëmmer d‘Argument vum Patronat, dass dat Aarbechtsplaze géing zerstéieren, dobäi wier dat an de leschte 45 Joer net de Fall gewiescht. Au contraire, d’Aarbechtsplaze wieren ëmmer geklommen, dowéinst wier dëst Argument net valabel."
Et wier wichteg, d'Betriber weiderhin z'ënnerstëtzen, do ware sech d'Deputéiert par konter eens.
All zwee Joer gëtt de Mindestloun erhéicht an et wier wichteg, déi vulnerabelst Salariéen och an enger Kris ze ënnerstëtzen, sot d'DP-Deputéiert Carole Hartmann. Doduerch géing d'Kafkraaft vun de Salariéen bäibehale ginn, wat dann och nees de Betriber géing zegutt kommen.
"Fir de Vott vun der Erhéijung vum Mindestloun wier et fir d’DP en Haaptkrittäre gewiescht, dass de Mëttelstandsminister Lex Delles eng Aide vu 500€ pro Salarié, deen de Mindestloun kritt, accordéiert hätt. Et géing de Salariéen nämlech näischt bréngen, wann hire Patron géing Faillite goen."
Fir dass d'Betriber hei am Land vun der relancéierter Kafkraaft profitéiere kënnen, war et dann och den Appell un d'Salariéen, fir déi lokal Butteker an Entreprisen ze ënnerstëtzen, fir dass dës nees op d'Bee kommen. Och d'Gemenge kéinten hir Betriber mat punktuelle Mesuren ënnerstëtzen, sou wéi dat vereenzelt Gemenge mat Online-Plattforme fir hir Commercë gemaach hunn.