Chambre des salariésDe Mindestloun muss gehéicht ginn

Claudia Kollwelter
Dat huet d'Presidentin vun der Chambre des salariés Nora Back e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz gesot.
Chambre des salariés: De Mindestloun muss gehéicht ginn
Dat huet d’Presidentin vun der Chambre des salariés Nora Back e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz gesot.

De Mindestloun muss erhéicht ginn an déi zukünfteg Regierung ass opgefuerdert, eppes dofir ze maachen. Dat huet d’Presidentin vun der Chambre des salariés d’Nora Back op enger Pressekonferenz betount. Eng Etüd gouf presentéiert, déi e Portrait opzeechent, wie vum Mindestloun betraff ass.

Anescht, wéi ee vläicht unhuele kéint, wieren et net just Beruffsufänger oder Onerfuerener, déi de Mindestloun kréien, preziséiert d’Presidentin vun der Salariatskummer Nora Back: “Mir hu ganz vill Leit, déi quasi hiert ganz Beruffsliewen um Mindestloun hänken a keng weider Lounaugmentatiounen hunn.”

De Mindestloun géif och net haaptsächlech Frontaliere betreffen.“Dacks gëtt gesot, datt géif eis Grenzgänger méi betreffen, an déi aner Liewenskäschten an hirem Wunnland hunn.”

D’Etüd weist nämlech, datt 60% vun de Mindestlounempfänger Residentë sinn, dovunner 23 Prozent, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Analyséiert gouf ënnert anerem, wie proportionell gesinn déi Leit sinn, déi just de Mindestloun verdéngen. Den Dylan Theis vun der Chambre des salaries gëtt dozou Erklärungen:

“An do huet ee gesinn, datt et haaptsächlech d’Frae sinn, Jonker, Jonggesellen, Leit mat portugisescher Nationalitéit, mä och Leit, déi mat engem CDD schaffen, am Horeca schaffen oder eng manuell Aarbecht hunn, surproportionell am Mindestloun sinn, also iwwerrepresentéiert sinn.”

De Mindestloun wier engersäits ze niddreg par Rapport zum Seuil de pauvreté a méi niddreg, wéi de Budget de reference, deen ee brauch, fir zu Lëtzebuerg ze liewen. Analyséiert gouf dann och, wéi et an den ënnerschiddleche Stéit ausgesäit, mat der Conclusioun, datt “déi Menagen, wou keen am Mindestloun ass, en Niveau de vie hunn, deen iwwer 90 Prozent méi héich ass, wéi déi vun de Menagen, wou op d’mannst eng Persoun am Mindestloun ass.”

D’Resultater vun der Etüd géifen nach emol verdäitlechen, datt et keng Alternativ zu enger struktureller Erhéijung vum Mindestloun géif ginn, huet d’Salariatskummer nach betount.

Mindestloun / Reportage Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO