“De Moment hu mer de Gaskrich géint de Putin gewonnen, mee mer sinn eréischt an der Hallschent, dofir musse mer weiderfuere mat den Efforten.” Dat huet den Energieminister Claude Turmes de Moien op enger Pressekonferenz betount, wou de Bilan vun der Campagne “Zesumme spuere – Zesummenhalen” gezu gouf. Eng ganz Partie positiv Conclusioune konnte gezu ginn.
Iwwer 26 Prozent manner Gas gouf consomméiert - d’EU hat 15% gefuerdert. Och beim Stroum konnt Lëtzebuerg d’EU-Ziler iwwerschreiden. Virgesi war en Aspuere vu 5 Prozent wärend de Spëtzenzäiten - Lëtzebuerg louch tëscht Dezember a Mäerz bei iwwer 6 Prozent. All dat wier just duerch e kollektiven Effort vun de Bierger, Betriber, Gemengen an der Regierung méiglech gewiescht sot de Claude Turmes. Donieft huet de grénge Minister ënnerstrach datt d’Bereetschaft ëmmer méi grouss wier, aus de fossillen Energien erauszeklammen.
“D’Leit sinn erféiert, d’Betriber och. An als Regierung ass et elo eis Missioun, de Leit all ze hëllefen aus de fossillen Energien erauszeklammen a mer wäerten se och weider an där Hisiicht begleeden.”
De Fenn Faber vun der Klima-Agence huet betount, datt een nei Verhalensmuster bei de Leit feststelle kéint a vill Leit d’Kris als Opportunitéit erkannt hunn, fir sech fir d’energeetesch Transitioun ze interesséieren.
“Et ass net vun ongeféier, datt ee vun den Haaptsujete wärend der Kris d’Photovoltaic war. Iwwer d’Hallschent vun den Ufroen hu sech dorëm gedréint. D’Volontéit, méi Kontroll ze kréien, awer och d’Opportunitéite vun der Auto-Consommatioun an de Switch op Wäermepompelen an alternativ Heizsystemer. Mir hunn och gemierkt, datt aner Leit eis uruffen, net just déi, di souwisou vläicht schonn iwwerzeegt waren, mee d’breet Gesellschaft, déi seet: Ech hunn elo verstanen, ech muss eppes maachen!”
Trotz positive Messagen huet den Energieminister Claude Turmes awer och betount, datt d’Kris nach net eriwwer ass an een dofir weider Energie aspuere muss wou ee kann.