Am SuperwaljoerDe Parteien hir Online-Wënsch fir 2023

RTL Lëtzebuerg
2023 ass e Superwaljoer mat de Gemengewalen am Juni an de Chamberwalen am Oktober.

Ee Grond méi fir d’Parteien, fir op kee Fall ze vergiessen, op de soziale Reseauen de Leit e schéint neit Joer ze wënschen.

D’DP, d’Partei vum Premier Xavier Bettel, haten natierlech mam Neijoerschinterview hei op RTL eng grouss Plattform. Déi aner Parteien hunn ënnert anerem Facebook benotzt, fir hir Wënsch un d’Leit ze riichten. Iwwer allgemeng Aussoen a Schlagwierder geet et net eraus.

D’CSV an d’LSAP hu sech an der Form awer am meeschte Méi ginn, mat Videoen a Musek. D’LSAP huet an hirem Bäitrag kleng Messagë vun hirem EU-Kommissär an een nom aneren all den LSAP-Ministeren. Um Schluss natierlech d’Paulette Lenert. D’LSAP-Vizepremier a Gesondheetsministesch steet mat hirem Hond am Bësch an huet follgende Message: “2023 kënne mer nei Akzenter setzen an 2023 wäerte mer nei Akzenter setzen (...) fir dass mir haut an eis Kanner muer an enger besserer Welt liewen”.

Fir ze wëssen, wat dat konkret bedeit, muss ee wuel op de Walprogramm waarden. D’selwecht bei der CSV, där hir Parteipresidenten an Deputéiert Claude Wiseler an Elisabeth Margue an hire Wënsch op Facebook soen, datt déi wichteg Themen endlech missten ugepak ginn: “Wunnengsbau, Energiekris, de Schoulsystem, fir nëmmen déi ze nennen”.

D’ADR an d’Piraten, déi hunn eng einfach Postkaart publizéiert mam Message: “Mir wënschen Iech an ärer Famill e schéinen Neijoerschdag an alles Gutts am neie Joer” bei der ADR a bei de Piraten “2023, alles Guddes am neie Joer”. Déi Gréng hu sech och kleng gehalen. Op hirer Facebook-Säit ass just e klenge Clip mam Text “mir wënschen Iech alleguerten e gudde Rutsch an d’neit Joer”. A fir z’illustréieren, gesäit een e Pinguin, deen um Bauch rutscht. Déi Lénk, déi hunn iwwert d’Feierdeeg näischt gepost.

Back to Top
CIM LOGO