
Zwee Deeg éier dee Rapport an der Institutiounekommissioun vun der Chamber presentéiert gëtt, gëtt d'Press invitéiert op eng Presentatioun vun deem Rapport duerch de Xavier Bettel - dat direkt nodeem d'Deputéiert um Mëttwoch gebrieft goufen.
Esou eng Pressekonferenz hat et um Freideg nom Regierungsrot jo net ginn - wat fir munch kritesch Commentairë gesuergt hat.
Iwwert de Weekend schéngt et also zu engem Ëmdenken an der Kommunikatiounspolitik komm ze sinn; de Staatsminister selwer war um Méindeg fir eng Visitt beim schwedesche Premier zu Stockholm, wéi op der Foto ze gesinn.
De Fonctionnement vum schwedesche Kinnekshaus gouf iwwerdeem och vum Jeannot Waringo a sengem vill diskutéierte Rapport beliicht.