"All d'rout Linne sinn depasséiert"De President Putin hätt d'Weltuerdnung duerchernee gehäit, esou de J. Asselborn

Roy Grotz
De Putin wier e Psychopat. De Lëtzebuerger Ausseminister war e Sonndeg Invité op ORF2, wou iwwert déi aktuell Situatioun an der Ukrain geschwat gouf.

De Putin wier en Autokrat, deen nëmme kéint vu bannen, aus Russland eraus, gebremst ginn.

Wann een eng rout Linn depasséiert, misst dat Konsequenzen hunn. Et misst een de Mënschen an Europa soen, dass wann d’Nato an de Krich mat Russland geet, dass da ganz Europa am Krich ass, och wann een net Nato-Member ass.

De Jean Asselborn am ORF2-Interview

An der Emissioun op der éisträichescher Tëlee gouf de Jean Asselborn och op weider Sanktiounen an Embargoe géint Russland ugeschwat. Genee wéi d’Europaministesch Karoline Edtstadler misst iwwert en Embargo op russesch Gas- an Pëtrolsexporter diskutéiert ginn.

Fir de Lëtzebuerger Diplomatiechef ass et kloer, datt à moyen terme wäerten d’Gas- an Pëtrolsliwwerungen aus Russland suspendéiert ginn - dorop misst ee sech elo intensiv preparéieren, sou de Jean Asselborn, fir deen et lo net dierft sou sinn, datt Moskau de Krunn als Éischten zoudréint, fir Europa ze strofen.

Eens ware sech d’Invitéen e Sonndeg op ORF2 awer och, datt d’Diplomatie weider misst priméieren, an datt d’Konfliktparteie misste fir Friddensverhandlungen un en Dësch bruecht ginn.

LINK: De Video vum kompletten Interview

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO