Zu Lëtzebuerg festgehollDe presuméierte Mafioso Santo Rumbo gouf an Italien fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
An engem vun de gréisste Mafia-Prozesser an Italien ass de Santo Rumbo deen eenzegen, deen an éischter Instanz fräigesprach gouf.
© RTL Archiv

De Santo Rumbo, presuméierte Mafioso, deen 2019 zu Lëtzebuerg festgeholl gi war an dunn un Italien ausgeliwwert gouf, gouf e Mëttwoch fräigesprach. Sou steet et op wort.lu ze liesen.

An engem vun de gréisste Prozesser géint d’Mafia goufen e Mëttwoch Urteeler an éischter Instanz gesprach an de Santo Rumbo wier deen Eenzegen, dee fräigesprach gouf.

D’Wort schreift, dat wier awer keng Iwwerraschung, well den Numm vum Santo Rumbo bei den Oflauschteraktioune vun der Police eigentlech ni genannt gi wier. De Parquet hat awer 12 Joer Prisong gefrot.

Back to Top
CIM LOGO