StauséiDe Problem mam Dreck

Vidosava Kuzmic
D’Fuussefeld zu Ënsber ass fir de Jean-Luc Linster quasi säin zweet Doheem. Hien huet een Haus do uewen a verbréngt seng Fräizäit gär um Stauséi.
Stauséi: De Problem mam Dreck
D’Fuussefeld zu Ënsber ass fir de Jean-Luc Linster quasi säin zweet Doheem. Hien huet een Haus do uewen a verbréngt seng Fräizäit gär um Stauséi.

Ma do ass hie scho laang net méi eleng. Virun allem bei guddem Wieder wier et weekends zimlech chaotesch. A wann d’Plagë schwaarz vu Leit sinn, géing och den Dreck leiebleiwen, esou de Jean-Luc Linster.

Feelend Infrastrukture wieren a sengen Aen de Problem. Kritt een op der Plage näischt z’iessen an ze drénken, bréngen d’Leit eben alles vun doheem mat. An d’Iwwerreschter fënnt een duerno net just op der Wiss oder nieft de Containeren, mee och am Waasser. Reegelméisseg fënnt hien op sengen Dauchgäng ronderëm d’Plagë Fläschen.

De Problem mam Offall ass net nei, erzielt d’Anita Lanners vum Naturpark Uewersauer. Zesumme mat der Gemeng Esch-Sauer hu si schonn eng Rei Initiativen an d’Liewe geruff, fir den Dreck ze reduzéieren. Sou ginn et zum Beispill Recycling-Méiglechkeeten oder och gebaut Grillen, fir engersäits Brandlächer am Gras ze evitéieren a fir dass d’Leit keng Einweg-Grille méi matbréngen. Dat alles huet awer nach net déi gewënschte Resultater bruecht. Et géing nach ëmmer net richteg getrennt ginn, erkläert d’Anita Lanners, an den Dreck op de Plagen a Wise wier net manner ginn.

Mat engem Clown- an Theatergrupp versicht den Naturpark Uewersauer dofir, d’Leit op d’Problematik ze sensibiliséieren. Op eng spilleresch Manéier schwätze si d’Leit op der Plage direkt un. Vill Leit aus dem Ausland géingen zum Beispill net wëssen, dass et sech beim Stau ëm eng Drénkwaasser-Ressource handelt an dass d’Plagen am Naturpark sinn. Dofir wier de Message, op d’Natur opzepassen.

Wéi et kann ausgesinn, wann d’Leit net op d’Natur oppassen, weisen d’Fotoe vum leschte Weekend am Juni. Vue dass d’Saison offiziell den 1. Juli ufänkt, waren dee Weekend keng Botz-Ekippen ënnerwee man dat gesäit een.

Elo ginn d’Gemengen-Aarbechter an d’Leit vum CIGR Wolz dräimol d’Woch an d’Weekender eraus op d’Plagen den Dreck oprafen. Déi grouss Containere gi vun de Ponts et Chaussées eidel gemaach. Fir eng Plage wéi d’Fuussefeld no engem sonnege Weekend propper ze kréien, bräicht ee gär mol zwou Stonnen.

Dass et ee Problem gëtt, ass ee sech an der Gemeng Esch-Sauer an an den Nopeschgemengen bewosst, seet de Buergermeeschter Marco Schank. Op esou engem Weekend wéi am Juni kënnt ee séier op 8.000 bis 10.000 Leit, déi d’Plagë besichen. Da géif et net nëmme grouss Problemer um Niveau vum Offall ginn, mee och wat de Verkéier ugeet. Et wéilt een e Parkraum-Management an eng "Besucherlenkung" aféieren, anescht géing een de Problem net an de Grëff kréien, esou de Marco Schank.

Ronn 62.000 Euro kascht et, d’Plagë propper ze halen. 30% dovunner bleiwen un der Gemeng Esch-Sauer hänken. Méi Poubellen hinzestellen, wier awer keng Optioun. Geplangt si par konter eng Rei Investissementer, zum Beispill an nei Toiletten, an ee Kanu-Verleih, an an ee festen Take-Away op der Plage zu Lëlz.

Aktuell versicht een de Problem mam Iesse mat engem Food Truck ze léisen. D’Konditioun dofir war: Zero Waste! De Greg Reinertz, Patron vum "Flux", versicht mat Hëllef vun engem Vidange-System a Plastiks-Kierf, déi gewäsch an erëm benotzt ginn, den Offall op engem Minimum ze halen. Fir dass keng Fläschen oder Béchsen erausginn, benotzt hie fir d’Soft Drinks eng Zort Pistoul. 1 Euro fir Soft Drinks an 1,50 Euro freet hie fir Béier. Mat deene klenge Präisser géing een natierlech keng grouss Marge hunn, erkläert de Greg Reinertz. Mee d’Zil wier et, d’Leit dozou ze motivéieren, bei hinne sur place eppes ze drénken ze kafen, amplaz vun der Tankstell Saache matzebréngen, déi dann Offall maachen. Zousätzlech dozou mécht de Greg mat senger Ekipp no Feierowend een Tour ronderëm d’Plaz, fir ze kucken, ob iergendwou Dreck leiebliwwen ass.

Dës Saison versicht de Naturpark Uewersauer iwwerdeems, mat engem Security Service zesummenzeschaffen – eng weider Mesure am Kampf géint den Dreck.

Back to Top
CIM LOGO