JUFA-Hotel zu RodangeDe Projet kënnt méi no, de Protest bleift

Marc Hoscheid
Ufank des Joers war et zu Rodange nawell méi héich hiergaangen. Dat wéinst engem Hotel vum éisträichesche Grupp JUFA.
© Domingos Oliveira

Déi zwou Biergerinitiativen Doihl a Kordall haten op eng Biergerversammlung invitéiert, fir géint de Bau vun dësem Hotel a vun engem Wellness am Doihl ze mobiliséieren. Ronn 200 Persounen hate sech Enn Januar zesummefonnt. Zanterhier ass et éischter méi roueg ëm de Projet ginn, d’Aarbechten hunn nach net ugefaangen. Dat kéint sech awer geschwënn änneren.

Weiderhi Protest géint de geplangte JUFA-Hotel zu Rodange / Marc Hoscheid

Well och wa Péiteng zanter de Gemengewale mam Jean-Marie Halsdorf een neie Buergermeeschter huet, hält deen um Projet vu sengem Virgänger a Parteikolleeg Pierre Mellina fest. Hie kéint net novollzéien, firwat eréischt lo géint de Projet protestéiert gëtt. Schonn 2011 war am Gemengerot decidéiert ginn, de Site Doihl touristesch ze notzen an et goufen Informatiounsowenter organiséiert. 2013 hat den éisträichesche Grupp JUFA, dee sech op Jugend- a Familljenhoteller spezialiséiert huet, Interessi gewisen, hei een Hotel mat ronn 60 Zëmmeren ze realiséieren. 2017 gouf deen aktuelle Péitenger PAG ugeholl, ouni datt géint d’Klasséierung vun deem Terrain als Zone de bâtiments et d’équipements publics reklaméiert gouf. Datt d’Géigner vum Projet elo den Impakt vum Projet op d’Ëmwelt mat Verweis op Fliedermais an de Buedemverbrauch kritiséieren, kann de Gemengepapp nëmme bedéngt novollzéien.

“Déi Argumenter kann een och diskutéieren, mä mir si jo awer an engem Rechtsstaat. Dat heescht, wann ech eng Prozedur maachen iwwert sou vill Joren an all Autoritéiten akzeptéieren déi, da kënne mer net herno soen, dat do war lo net gutt. Stellt Iech vir, Dir kaaft een Terrain, Dir wëllt een Haus bauen an dann hutt Der schonn alles ugefaangen an da seet Ären Noper, ech sinn net domat d’Accord, Dir däerft net hei bauen, well et stéiert mech hei oder do. Dat ass alles novollzéibar, mee et ass dee falschen Zäitpunkt.”

An deenen nächste Woche wäert wuel ugefaange ginn, eng Heck um Site ze planzen, dat ass eng vun den Oplagen, fir den Hotel bauen ze duerfen. Nächst Joer sollen dann d’Baggere rullen. Theoretesch kéint de Projet nach vum Verwaltungsgeriicht gestoppt ginn, well de 16. Juli hunn d’Biergerinitiative Recours ageluecht. Ma hire Spriecher Henri Krecké ass skeptesch, datt et virum Ufank vun den Aarbechten een Urteel wäert ginn. Hien hofft éischter, datt dat méi schwieregt ekonomescht Ëmfeld zu engem Ëmdenke féiert.

“Sou ee Projet vun e puer dausend Metercarré un eng réserve naturelle ze bauen, ass och nach iwwert alles eraus een immens riskant wirtschaftlecht Unterfangen. Wou ech mech froen, ob hir Berechnungen mat den 18.000 Nuitéeë pro Joer nach ëmmer an de Kontext vun haut passt.”

Realiséiert gëtt de Projet vun der Lëtzebuerger Entreprise Tecto Domus. Vun do heescht et, et hätt ee wärend der Corona-Pandemie effektiv gefaart, datt sech de Grupp JUFA zeréckzéie géing, ma mëttlerweil wier dat awer net méi de Fall an et kéim ee gutt virun. Bei de Biergerinitiativen denkt een iwwerdeems driwwer no, Ënnerschrëfte fir ee lokale Referendum ze sammelen.

Back to Top
CIM LOGO