
Sou heescht et an engem Communiqué vum Radio, no enger Manifestatioun e Méindeg. D'Mataarbechter vum Radio ARA, ware vun hirem Siège zu Bouneweg bis op de Krautmaart getrëppelt, fir Gehéier bei der Politik ze fannen.
De Radio ARA fuerdert, datt d'Community-Medien zu Lëtzebuerg unerkannt ginn, an esou och vun der Pressehëllef profitéiere kënnen.