
D’EU-Direktiv iwwert d’Obligatioun vun den Entreprisen, fir d’Mënscherechter an den Ëmweltschutz ze garantéieren, muss zu Lëtzebuerg verantwortungsvoll ëmgesat ginn. Dat fuerdert d’Initiative pour un devoir de vigilance, déi sech aus 17 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft zesummesetzt.
E Beispill aus der neier Etüd: 93 Prozent vun de befrote Leit sinn domadder averstanen, dass d’Affer vu Mënscherechtsverletzungen e méi einfachen Zougang zur Justiz solle kréien. Eng nei EU-Direktiv gesäit ënnert anerem genee dëse Schutz vun den Affer vir. Ma elo geet et ëm d’Ëmsetzung vun dëser EU-Direktiv an en nationaalt Gesetz. An do fuerdert d’Initiative pour un devoir de Vigilance, dass Lëtzebuerg seng Verantwortung hëlt.
Fir de Jean-Louis Zeien misst déi nei Regierung bei der Ëmsetzung vun der Direktiv weisen, dass et net eleng ëm “Business first” geet. “Et muss beim Business och ëm Mënscherechter, Klima an Environnement goen. Well dat muss zur DNA vun enger Wirtschaftspolitik – haut, am 21. Joerhonnert – gehéieren.” Esou eng Transitioun wier net onbedéngt mat vill méi Käschte verbonnen, präziséiert de Jean-Louis Zeien.
Wat den Ëmweltschutz ugeet, hunn sech 82 Prozent vun de befrote Leit dofir ausgeschwat, dass d’Entreprisen hir Aktivitéiten upassen, fir de Paräisser Klimaaccord kënnen ze erfëllen. Ob d’EU-Gesetz tatsächlech de gewënschten Effet bréngt, géing dovunner ofhänken, wéi Lëtzebuerg d’Direktiv ëmsetzt, esou d’Antoniya Argirova vu Greenpeace. Eng national Autoritéit, déi fir d’Kontroll zoustänneg ass, muss en place gesat ginn. Ma d’Fro wier awer, wéi genee dës Kontroll wäert oflafen an ob se déi néideg Moyene kritt. Dem Antoniya Argirova no misst och eng zivil Responsabilitéit do sinn, also d’Méiglechkeet, dass betraffe Leit oder ONGe viru Geriicht kënne goen. Domadder kéinten d’Entreprisë besser dozou opgefuerdert ginn, méi wäit ze goen.
Als Member vum Conseil des Droits de l’Homme vun de Vereenten Natioune sollt sech d’Regierung och bewosst sinn, dass déi héchste Standarde gëllen a Lëtzebuerg mam gudde Beispill muss virgoen. Virun allem wat Entreprisen ugeet, bei deenen de Staat e groussen Aktionär ass.
Wat de Sondage ugeet, muss nach preziséiert ginn: Eng 500 Leit hu matgemaach an déi fënnef Froe beäntwert. Den Echantillon setzt sech aus Leit zesummen, déi verschidde Variabele representéieren, also zum Beispill a verschidden Altersgruppe sinn an ënnerschiddlech Nationalitéiten hunn. D’Manon Breden vum private Sondageinstitut ILRES huet erkläert, dass d’Ëmfro representativ ass, well den Echantillon e Spigel vun der Gesellschaft ass, wat eben déi ënnerschiddlech Variabelen ugeet.
Allgemeng weist de Sondage eng breet Zoustëmmung fir de Respekt vun de Mënscherechter an dem Ëmweltschutz bannent den Entreprisen. E Resultat, dat wéineg iwwerrascht.