
25,1 Prozent vun alle SAMU-Asätz géif den Escher Noutdokter fueren. De SAMU 2, mat Sëtz am CIS Hesper, mécht 24,2 Prozent vun allen Asätz aus an deen Ettelbrécker der 17,3 Prozent.
An der Moyenne brauch de rout-wäissen, voll-equipéierte Won 12 Minutte fir op en Asaz.
Zanter September d’lescht Joer wieren iwwerdeems 124 sougenannte SO-Asätz gefuer ginn, also Asätz, wou u sech e SAMU-Noutdokter gebraucht gi wier, mä deen Ament keen disponibel war. Dat ware manner wéi 10 Asätz de Mount.
Virun der Reform vum Rettungswiesen am Joer 2018 waren et an der Moyenne nach 2,5 esou Asätz pro Dag. Zanterhier sinn zwou zousätzlech SAMU-Basë bäikomm.