Demokratiewoch an de SchoulenDe Schüler weisen, wéi wichteg politeschen Engagement ass

RTL Lëtzebuerg
Fir d’éischt Kéier gëtt an de Lëtzebuerger Lycéeën d'Demokratiewoch organiséiert. Eng Woch laang léieren d'Schüler bei Aktivitéiten, wat Demokratie bedeit.
© RTL

Demokratiewoch an de Lycéeën / Reportage Sabrina Backes

Iwwer eng Woch gi verschidden Aktivitéiten ofgehalen, wärend deenen d’Schüler léiere sollen, wat alles zu enger Demokratie gehéiert a wéi wichteg politeschen Engagement ass. Och den Atert Lycée zu Réiden huet Aktivitéite geplangt, eng dovunner nennt sech “Begéint är Politiker*innen”. Hei konnte knapps 300 Schüler vun der Quatrième bis Première mat Politiker vu 9 verschiddene Parteien op Aenhéicht diskutéieren.

Jonk Leit intresséiere sech duerchaus fir Politik, seet de Prof an Organisateur Christian Theis. Seng Schüler géinge sech villäicht nach net parteipolitesch engagéieren, wat awer net ausschléisse géing, dass se sech fir politesch Theemen interesséieren. Wéi eng dat kënne sinn, weist dësen Echantillon um RTL-Mikro:

  • “Mëttlerweil gëtt ee jo mat verschiddenen Theeme konfrontéiert, sief et de Klimawandel, de Krich oder och d’Corona-Pandemie. An der lescht befaasst ee sech dann e bëssen domat an da kuckt ee sech un, wéi eng Parteie sech fir wat asetzen.”
  • “Den Thema vum Logement fannen ech zimmlech wichteg, well et zemools fir Jonker ëmmer méi schwéier gëtt eng Plaz ze fannen, fir ze wunnen an ech mengen, dass ëmmer méi Leit musse méi laang doheem wunnen, obwuel se et net wëllen.”
  • “Ech intresséiere mech fir d’Schoulpolitik, well ech fannen, dass et nach vill Verbesserungsvirschléi géinge ginn.”

Op verschiddene Stänn konnte si sech mat de Vertrieder vun 9 Parteien iwwer hir Positiounen austauschen. Vill Schüler ginn nächst Joer fir d’éischt Kéier wielen, deementspriechend dankbar ware se fir d’Gespréicher:

  • “Et ass eng gutt Saach, du muss net iergendwou higoen, fir déi Froen ze stellen oder eng Email schreiwen. Du hues alt d’Geleeënheet fir direkt mat de Politiker ze schwätzen an hir Meenung ze héieren.”
  • “Et huet ee méi ee perséinlechen Drot zu de Leit, einfach well ee lo perséinlech mat deene geschwat huet. Et gesäit ee se soss op der Tëlee an et freet ee sech, ob déi wierklech sou sinn. An hei huet ee se lo reell virun engem stoen an et kann ee sech seng eege Meenung bilden, ouni dass een draschwätze geet.”
  • “Ech fannen dat gutt, du kanns net all Dag mat engem Politiker schwätzen, ech mengen et ass gutt, dass d’Schoul dat organiséiert.”

Dem Christian Theis no misst politesch Bildung och an de Schoule geléiert ginn. Duerch Aktivitéite wéi dës kéinte se Parteien iwwer de ganze Spektrum kenneléieren a sech selbststänneg eng Meenung bilden.

Back to Top
CIM LOGO