Affer vun haislecher oder sexueller GewaltDe Service "umedo" ass net bekannt genuch

Fanny Kinsch
Bei dësem Service kënnen Affer vu Gewalt hir Blessuren dokumentéieren, wa si nach net prett si fir eng Plainte ze maachen.
Service "umedo" ass net bekannt genuch
Bei dësem Service kënnen Affer vu Gewalt hir Blessuren dokumentéieren, wa si nach net prett si fir eng Plainte ze maachen.

Firwat gräifen net méi Affer vun haislecher oder sexueller Gewalt op de Service umedo vum Staatslabo zréck, fir hir Blessuren ze dokumentéieren, wa si nach net prett si fir Plainte ze maachen? Anescht wéi vun de Responsabelen erwaart, ass d’Zuel vun Affer déi sech mellen, net an d’Luucht gaangen. 5 Joer nodeems d’Afferambulanz an d’Liewe geruff gouf, hunn déi verschidden Acteuren op engem Symposium diskutéiert, wat gutt fonctionéiert a wat verbessert ka ginn.

Siichtbar Verletzungen, biologesch Spueren dokumentéieren a versuergen, gratis a vertraulech, fir méi spéit bei der Police a viru Geriicht Beweiser ze hunn. 96 Persounen, virun allem Fraen, hunn dat an de leschte 5 Joer gemaach, eng 20 Prozent hu méi spéit op hir Dossieren zréckgegraff. Datt dee Service immens wichteg ass, do si sech d’Acteuren eens. Ma e wier net bekannt genuch.

David Lentz - Procureur adjoint, Jugendschutz: “Ech sinn op vill Presentatiounen, Formatiounen, Konferenzen, Table-ronden, an do stellen ech fest, datt ganz vill Acteuren aus dem Secteur social, wa se dat Wuert “umedo” héieren, erstaunt sinn, Froe stellen, wat dat da schlussendlech ass, a wann een dann erkläert, wat den Service umedo alles ubidde kann, da si se frou, datt et esou eppes gëtt.”

Ana Pinto - Presidentin “La voix des survivant(e)s”: “Et ass quasi keen, deen dee Service kennt. An dat ass och dann eng Aufgab vun eis, fir dann d’Leit ze dispatchen, och bei Femmes en détresse, bei umedo. A leider gëtt einfach net genuch Reklamm dofir gemaach, fir déi Servicer, déi am Fong geholl esou wichteg sinn.”

Eng grouss ugeluechten ëffentlech Campagne wier néideg, och méi Formatiounen. Fir d’Asbl vun den Iwwerliewenden, awer och fir Femmes en détresse missten och Mannerjäreger Zougang op esou e Service kréien, eng Plaz op där si sech engem uvertraue kënnen, ouni dass direkt eppes geschitt.

Ana Pinto: “Do géif dann de Jugendlechen dohinner goen, e giff och wéi beim normalen Service umedo, dass een dat einfach giff soen, voilà, mir huelen dat, mir dokumentéieren dat alles, mir halen dat, an dann psychologesch Hëllef kréie fir en ze stäerken. An dann, wann e staark ass, dass een da seet sou, ech huelen dech mat der Hand, a lo bass de prett? Jo, ok, ech gi mat der bei d’Police, mir man elo eng Plainte.”

Fir de Parquet awer kënnt dat net a Fro, méi wichteg wier et déi Jonk iwwert d’Aarbecht vu Police a Justiz z’informéieren, fir Hemmschwellen ofzebauen.

David Lentz:“Wa mer géinge soen, fir Jugendlecher solle mer Saachen net signaléieren, dat versiche mer mol therapeutesch ze behandelen, da kucke mer duerno, da geet d’Donkelziffer erop an dann hu mer e Predateur, dee sech un e Kand vergraff huet, dee fiert einfach weider, dee fiert vläicht mat deem Kand weider oder dee fiert mat engem anere Kand weider, mee deem ass näischt geschitt an dat kann net sinn, also fir mech en absolutten No-Go, eng Maltraitance op e Kand muss gemellt ginn.”

Beim LNS wëll een d’Efforte verstäerken, fir d’Afferambulanz méi bekannt ze maachen. Méi laangfristeg Léisungen déi vun den Acteure proposéiert goufe kéinten op alle Fall zréckbehale ginn.

Dr. Martine Schaul / Responsabel Service umedo: “Probéieren ee Fouss méi an d’Formatioun vun Dokteren ze kréien op verschiddenen Niveauen, Formatioune vum Gesondheetspersonal, och mat den eebe Klinicken, mat deene mer kooperéieren, méi reegelméisseg Formatiounen do kënnen unzebidden, dat sinn déi Haaptpunkten.”

Ob een eng Publicitéitscampagne ka maache wier eng Fro vu Budget, do misst ee klären, ob dee kéint mobiliséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO