Déi ginn nämlech dacks duerch Objeten, déi national oder kommunal geschützt sinn, verkomplizéiert. Déi 11 Appartementer, zwee ugebauten Haiser an e Buttek sollen hei net just Wunnraum schafen, fir Leit, déi um normalen Immobiliëmarché näischt fannen, mee d’Lotissementer sollen am Respekt vun der Geschicht vu Schieren gebaut ginn. E flotte Projet am Sënn vum Denkmalschutz. Dass et 11 Joer bis bei den éischte Spuetestach gedauert huet, wërft dann awer ganz aner Froen op.
E Stéck Schierener Geschicht: 1924 huet d’Gemeng d’Gebai gesteet, bannenan hunn an der Zäit Kanner gespillt an d’Pompjeeën, d’Musek, d’Theaterfrënn haten hir Adress hei, direkt nieft der Kierch. An elo endlech - ëmmerhin awer 11 Joer no der Vente un de Staat - geschitt eppes um Terrain, eng Revaloriséierung vum fréieren Duerfkär vu Schieren.
“Dat ass eben e Gebai, dat mir vun der Gemeng schütze gelooss hunn. Dat bleift erhalen, wou dann ueweriwwer zwee Jumeleten derbäi kommen. Ënne laanscht gëtt och ugebaut an da kënnt hei vir laanscht d’Strooss eng Residence, wat alles awer architektonesch wierklech gutt zesumme passt a wat och hei am Duerfkär eng Plus-value ass a wou mer frou sinn, dass dat elo ka realiséiert ginn”, fënnt den Eric Thill, Buergermeeschter vu Schieren.
13 Wunnengen also - u sech e klenge Projet fir de Fonds du Logement, en Deel vum Pacte Logement Kapitel sozialen an abordabele Wunnengsraum natierlech och. Ales an Neies kombinéieren: Jo, seet de Fong, obschonns et d’Saach méi komplizéiert mécht.
“Vue dass dat eent jo protegéiert ass, kann een och net esou vill fräi schaffen a well mer Neies dobäi maachen, wou mer engersäits zwou méi grouss Unitéiten, also déi zwee Haiser, déi op der Säit bäikommen an eng Residenz, wou da méi kleng Unitéite sinn. Esou datt mer e komplette Mix vun Typologien hunn. Dat probéiere mer eigentlech ëmmer hinzekréien, wou et geet, mä et geet halt net ëmmer iwwerall”, sou de Jacques Vandivinit, Direkter vum Fonds du Logement.
“Dat huet net ze laang gedauert. Et ass e ganz komplexe Projet an et ass esou wéi oft, wann de Fonds du Logement en ale Patrimoine wëll revaloriséieren, dass do mat all den Intervenante muss geschwat ginn. Dofir ass et wichteg, dass de Fonds du Logement sech och an deem Beräich spezialiséiert huet. Et ass jo net deen éischte Projet, dee mer an deem Beräich maachen”, erkläert den Henri Kox, Minister fir Logement.
11 Joer fir dëse Projet bleiwen 132 Méint an esou ronn 4.000 Deeg... dat bleift dann awer grad esou schwéier ze verstoen, wéi wat de Lëtzebuerger Stroossennumm Huelschéck mat engem Schluechthaus ze dinn huet.