
De Staat huet e Mëttwoch eng nei Campagne lancéiert, fir seng Plattform GovJobs ze promouvéieren. Dëst Joer sinn 2.300 Posten ze besetzen an dat stellt sech - anescht ewéi ee sech kéint erwaarden - als guer net esou einfach eraus, wéi de Mëttwoch de Moien op der Presentatioun vun der neier Campagne betount gouf.
Wann d‘Populatioun wiisst, mussen d‘Administratiounen dat och. Zejoert huet de Staat ronn 3.200 Leit engagéiert. Och dëst Joer si Staatsbeamten an d‘Pensioun, ma et ginn och vill nei Plazen. 2.300 Poste musse besat ginn. Op engem Aarbechtsmaart, op deem och de Privatsecteur intensiv sicht.
“Natierlech mierke mir och als Staat, dass et net méi esou evident ass ze rekrutéierten. Mir hu vill Plazen, déi opstinn a wou laang gesicht gëtt.”, esou de Minister vun der Fonction publique Marc Hansen.
Elo wëll de Staat sech och intern méi flexibel opstellen.
“Ganz vill jonk Leit, déi bei eis kommen, hunn eng aner Vue vun der Karriär. Fréier ass ee bei de Staat gaangen an huet 40 Joer do geschafft an déi selwecht Aarbecht gemaach. Dat ass haut net méi esou. Och nei Leit wëlle begeeschtert ginn. Deene kann ee weisen, dass se d‘Administratioun kënne wielen an och wiesselen. An dass se kënne weidergebilt ginn.”
Attraktiv a modern wëll ee sinn, respektiv ginn. Eng nei Publicitéitscampagne soll jonke Leit Loscht maachen, sech am Déngscht vum Bierger ze engagéieren. 22 Fonctionnairen, keng Schauspiller, soen a Videoen aus, firwat si hir Aarbecht gär hunn. De René Nilles – zanter knapps 30 Joer Huissier am Staatsministère – léisst de Cliché, beim Staat géing um 16 Auer de Bic fale gelooss ginn, net gëllen.
“Dat ass bei eis net esou. Mir si bis 6 Auer owes do. Ëmmer een op d’mannst. A wann de Staatsminister seet, owes wär eppes, da kann een natierlech net einfach heemgoen.”
An d‘Monique Barthels géif hire Beruff an der Nationalbibliothéik och recommandéieren.
“Jo, well d‘Bibliothéik bitt eng grouss Villfalt. Mir offréieren och all Joer flott Studentenjobs. Do kann een de Metier da kenneléieren.”
Stagen, Studentenjobben a fest Plaze gi verstäerkt op der Plattform GovJobs aus- a beschriwwen.
Dauerbrenner ass d‘Thema, ob d‘Lëtzebuerger Nationalitéit fir nach weider Staatsplazen net méi verlaangt soll ginn. De Minister vun der Fonction publique Marc Hansen gesäit nach keng Urgence fir esou e Schratt.
“Et gëtt d‘Beispill vun der Police. Do gëtt och an der Chamber ëmmer nees iwwer dat Thema geschwat. Bei der Police ass och zu engem Ament gesot ginn, dass keng Leit fonnt ginn. Du sinn awer intensiv Campagnë gemaach ginn an d‘Sich ass intensivéiert ginn. Et si grouss Efforte gemaach ginn. Dunn huet d‘Police vill Leit fonnt.”
Ob et duergeet, besser ze sichen, dat muss sech da weisen.