
Dozou zielen ënner anerem Ëmweltanalysen, geotechnesch Etüden oder Etüden iwwert d‘Statik vu Brécken.
Déi Jore virdru waren et nach tëscht 73.000 an 80.000 Euro pro Etüd. Iwwerhaapt sinn d’Käschte fir Etüden, déi d’Ponts-et-chaussées an d’Verwaltung fir ëffentlech Baute hunn, iwwert déi lescht 3 Joer zolidd an d’Luucht gaangen. Eleng tëscht 2022 an 2023 war et eng Hausse vu ronn 10 Milliounen Euro. Dat äntwert déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jef Engelen vun der ADR.