Fir méi Liquiditéiten ze hunnDe Staat mécht e weideren Emprunt vun 3 Milliarden €

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Staat léint 3 Milliarden €. Dat fir méi Liquiditéiten ze hunn an der Entwécklung vun de Zënse virzegräifen.
© RTL Grafik

Wéi et vum Finanzministère heescht, gëtt de Prêt an zwou Tranchë gemaach. Déi 1. Tranche vun 1,25 Milliarden € geet iwwer 10 Joer mat 3% Zënsen. Déi zweet Tranche sinn 1,75 Milliarden € iwwer 20 Joer mat 3,25% Zënsen.

Mat deem neien Emprunt läit déi ëffentlech Schold bei bal 22 Milliarden € respektiv 26,4% vum PIB. Am Juli muss Lëtzebuerg awer och e Prêt vun zwou Milliarden € zréckbezuelen. Den aktuelle Prêt pre-finanzéiert also och dee Remboursement.

D’Marchéen hätten dem Ministère no positiv op den Emprunt reagéiert. D’Demande wier wäit iwwer d’Offer eraus gaangen, wat d’Attraktivitéit vum Land géif ënnersträichen.

Back to Top
CIM LOGO