AvisDe Staatsrot gëtt gréng Luucht fir déi nei Covidmesuren

Fanny Kinsch
D’Spärstonn um 23 Auer wier keen disproportionéierten Agrëff an d’Fräiheeten, sou de Staatsrot.
© RTL-Archiv

Wat d’Ännerunge beim Covid-Check ugeet, wier d’Obligatioun fir e Schnelltest ze maachen, wann een nach keng Opfrëschung vun der Impfung krut au vue vun der Entwécklung vun der Pandemie keen disproportionellen Agrëff an déi individuell Fräiheeten, esou déi héich Kierperschaft an hirem Avis.

Et wier awer sënnvoll, datt Persounen déi an dës Kategorie falen och d’Méiglechkeet hätten, en negativen certifiéierten Test virzeleeën, am Plaz vum Schnelltest op der Plaz, sou de Staatsrot, a fuerdert de Legislateur deemno op, den Text an deem Sënn unzepassen. De Staatsrot weist drop hin, datt duerch den Text wéi en elo geschriwwen ass guer keng Mesure méi bei Manifestatiounen, op Mäert dobaussen an am ëffentlechen Transport géinge gëllen – dat wier sécher net d’Intentioun vun den Auteuren a misst deemno ugepasst ginn.

Och d’Spärstonn um 11 Auer wier keen disproportionéierten Agrëff an d’Fräiheeten, sou de Staatsrot, deen och ervirsträicht datt d’Regierung gläichzäiteg Hëllefen zur Verfügung stellt.

De Collège médical schwätzt sech a sengem Avis vum neie Covid-Gesetz iwwerdeems fir eng allgemeng Impfflicht aus.

Fir dësen Text, deen um Freideg soll gestëmmt ginn, wier dat wuel net méiglech, ma déi politesch Autoritéite misste se da bei der nächster Gesetzesännerung, déi sécher géing néideg ginn, imposéieren.

Et géif een e breede Konsens fir eng Impfflicht ënnert de Wëssenschaftler an an der Gesellschaft spieren. An den Ae vum Collège médical misst et eng allgemeng, an net just eng sektoriell Impfflicht sinn. Déi Professionell aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur, déi ënnert der Pandemie leiden, sollten net op en Neits stigmatiséiert ginn.

Wat déi annoncéiert Mesuren uginn, ass de Collège médical der Meenung, datt dës sech imposéiere géingen, wéinst enger urgenter Menace, datt d’Infektiounszuelen duerch d’Omikron-Variant explodéieren.

Back to Top
CIM LOGO