StatecDe Statec adaptéiert d'Projektioune vun der Evolutioun vun den Immobiliepräisser

RTL Lëtzebuerg
Beim Statistik-Institut rechent een entretemps dermadder, datt d'Immobilië-Präisser dëst Joer ëm 2,3% wäerten erofgoen.

Dat schreift de Statec an der neister Editioun vu “Regards”. Schonn zejoert waren d’Präishaussen am genannte Beräich manner staark.

Fir d’Banke klammen d’Zënsmargën däitlech, zejoert ëm en décken Drëttel an dëst Joer ëm e gudde Véierel, heescht et weider an der Publikatioun vum Statec.

Wéinst dësen Haussë kënnt et allerdéngs zu enger schlechter Valoriséierung op de Bourssen, wat op d’Kommissioune vun de Banken dréckt.

D’Valeur ajoutée wäert däitlech eropgoen an d’Banke wäerte méi Personal- a méi Riskokäschte hunn, wat d’Netto-Resultat 2023 negativ wäert impaktéieren.

Den nationale Statistiksbüro Statec huet seng Wirtschaftsprojektioune publizéiert

Deemno gëtt sech fir dëst Joer duerch déi geopolitesch Krisen erwaart, datt de Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg op 2,2 Prozent vum PIB ofgebremst gëtt. Fir 2024 gëtt sech dann nees méi e staarke Wuesstem erwaart an, an de Joren duerno eng Stabilisatioun ëm 3 Prozent.

D’Inflatioun dierft sech eréischt vun 2025 un normaliséieren, wougéint de Chômage riskéiert an den nächste Joren ze klammen.
Bei enger Politik, déi sech net ännert, seet de Statec bei den ëffentleche Finanzen en Defizit viraus, wéi et en nach net gouf, dee lues a lues géing resorbéiert ginn.

De Statec rechent dann domat, datt d’Zäregasemissiounen zu Lëtzebuerg dëst an d’nächst Joer ëm 2,3 Prozent an 1,8 Prozent an d’Luucht, déi Joren duerno dann nach ëm 0,3 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO