Luxembourg City Tourist OfficeDe Stater Tourismus boomt a presentéiert eng Offer mat Zukunftsperspektiven

Monique Kater
Den Tourismus an der Stad huet sech no der Pandemie erholl, an et wier een den Ament nees um Niveau vun 2019, seet de Responsabele vum LCTO.
Stater Tourismus boomt a presentéiert eng Offer mat Zukunft
Den Tourismus an der Stad huet sech no der Pandemie erholl, an et wier een den Ament nees um Niveau vun 2019, seet de Responsabele vum LCTO.

Anengems freet sech de Responsabele vum Luxembourg City Tourist Office, dass hir klassesch an awer och nei Produite bei de Leit ganz gutt ukéimen. Als Referenz zielt do de verlängerte Weekend vu Maria Himmelfaart. Iwwert de Feierdag mam Weekend wiere ronn 2.800 Leit bei si an den LCTO komm. Den Tomm Bellion schwätzt vun enger Moyenne vun 1.000 Leit den Dag. Ganz beléift sinn, grad och wéinst de ganz agreabelen Temperature bannenan, d’Péitruss-Kasematten. Den Accès ass do awer net evident, well d’Visitte séier ausgebucht sinn. Aneren Highlight ass ëmmer nach de Palais, deem seng Visitte quasi “sold out” sinn.
An der Stad fluppt et! Et trëllt ee bal iwwer Leit mat Pläng, d’Panoplie geet vun deenen, déi sech vun eiser Stad iwwerrasche loossen, bis bei déi, déi sech d’Geschicht vum Grand-Duché an hir eegen erziele loossen.

Knuedler, Place Guillaume, Ex-Place Napoleon - elo verhale mir dat och a mir waren 2 vun an der Moyenne e puer honnert Visiteuren. Natierlech läit d’Stäerkt vum Stater Touristebüro am direkte Kontakt mat de Leit – wann déi awer an eleng dorobber gezielt hunn, koume se, wat d’Péitruss-Kasematten ugeet, eventuell ze spéit - et muss ee Wochen am Viraus buchen, well d’Infrastruktur nach net komplett steet.

De But ass, dass ee seng Ticketen an Zukunft uewen op der Plaz keeft, an dann d’Kasematte ganz eleng erlieft. Bis ewell waart een awer nach op de Feu vert vun der Stad an der ITM, kréie mer erkläert, an op d’Kameraen, déi dat, wat ënnerierdesch leeft, iwwerwaachen. Esou kann ee reagéieren, am Fall wou ee fält. Bis dohinner also nach e bësse Gedold - och wat d’Bock-Kasematten ugeet. Mee Zen kann ee bis dohinner ënnert der Gëlle Fra ginn.

Highlight an de Péitruss-Kasematten
E Zen-Punkt genee ënnert der Gëlle Fra

Back to Top
CIM LOGO