
De Steve Goedert ass tëscht 1,70 an 1,80 Meter grouss, dënn an huet eng hell Haut a gro Hoer. Hie schwätzt Lëtzebuergesch an Däitsch.
Wien Indicen oder Informatiounen doriwwer huet, wou de Mann sech kéint ophalen, ass gebiede sech um Policebüro zu Dikrech ze mellen. D’Telefonsnummer ass (+352) 244 80 1000, d’E-Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu.
