ArcelorMittalDe Stolbetrib muss ferm struewelen an der Corona-Kris

RTL Lëtzebuerg
Am zweeten Trimester muss e Minus vun knapp 560 Milliounen US-Dollar verbucht ginn.

Déi éischt sechs Méint vun dësem Joer a besonnesch dat zweet Trimester ware mat déi schlëmmsten Zäit an der Geschicht vum Betrib, dat schreift de CEO vun ArcelorMittal, de Lashkmi Mittal um Donneschdeg.

De weltwäit gréisste Stolproduzent huet um Donneschdeg de Moie seng Zuele vum éischten Hallefjoer an dem zweeten Trimester publizéiert, déi natierlech déif vun der Coronapandemie gezeechent, well déi weltwäit Demande no Stol dramatesch agebrach ass. D'Stolexporter sinn ëm ronn ee Véierel zeréckgaangen. Deemno huet ArcelorMittal am zweeten Trimester en Nettoverloscht vun 559 Milliounen Dollar realiséiert. Den Ëmsaz ass vun 19 op 11 Milliarden zeréckgaangen an d'Bruttoresultat virun Ofschreiwungen, Zënsen a Steieren ass tëscht Abrëll a Juni op ee Joer gekuckt ëm d'Hallschent reduzéiert ginn op just nach 707 Milliounen Dollar.

No der Kris, géifen et elo awer nees Zeechen derfir, datt d'Aktivitéiten nees unzéien, besonnesch an deene Regiounen an deenen de Lockdown opgehuewe gouf, ma et misst een awer weider virsiichteg bleiwen, heescht et am offizielle Schreiwes. ArcelorMittal seet sech och prett, fir déi néideg Ëmweltschutzkritären an Zukunft z'erfëllen.

PDF: D'Zuele vun ArcelorMittal am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO