Iwwer 900 Chrëscht-Stolle gëllt et bis d'Feierdeeg prett ze hunn.
Eng ganz Panoplie un allerlee Produite brauch et fir e Stollen ze baken. A bei där grousser Commande u Stolle brauch et och eng riseg Quantitéit un Eeër, Botter oder och Rumm. An als Bäcker brauch ee Gedold a vill Zäit.
Den Uewe gëtt bei 220 Grad virgehëtzt. Duerno gëtt den Dësch bei enger Temperatur vun 200 Grad wärend enger 3/4 Stonn gebak. Chrëscht-Stolle vum Pond baakt de Claude Müller.

Stockéiert gëtt de Stollen awer elo net egal wou. Hei zu Stolzebuerg an der Koffergrouf muss de fäerdege Chrëscht-Stolle wärend 3 Woche rouen.
Wärend 9 Periode gouf Koffer zu Stolzebuerg ofgebaut. Vum 17.Joerhonnert bis 1943 Zum Schluss vun der Minn hunn eng 50 Leit hei geschafft.
D'Iddi de Stollen am Stollen ze stockéiere kënnt aus Däitschland. Méi genee aus dem Thüringer Raum.
De Claude Müller bleift um Ball a senger Bakstuff, well an 3 Woche kommen d'Leit aus alle Géigende vum Land hire spezielle Chrëscht-Stollen op Veianen sichen.