
Dës Woch gouf d’Presenz vum Wollef jo am Oste vum Land nogewisen, a viru puer Deeg ass an den USA eng Etüd publizéiert ginn, an där et ëm den Impakt vum Wollef op den Ökosystem geet. An deen ass noweisbar.
Och wann een d’Resultater aus den USA net eent zu eent op Europa oder Lëtzebuerg iwwerdroe kann, gesäit een zum Beispill en Impakt op d’Déierenzorten, do wou den Wollef optaucht. Virun allem bei de Réi, Wëllschwäin, Hirschen a Muffelen.
D’Marianne Jacobs: “Do gesäit een,wou d’Wëllef optauchen a Ruddelen bilden, datt et zu enger Reduktioun vun der Populatioun kënnt, mee virun allem zu engem ganz aneren Verhale vun den Déieren.”D’Déiere géifen engersäits méi grouss Ruddele bilden, wieren awer och vill méi a Beweegung duerch d’Presenz vum Wollef.
“Se sinn also net sou laang op enger Plaz, friessen also zum Beispill manner op enger Plaz a lafe méi ronderëm an doduerch gëtt d’"Verjüngung”, also d’Erneierung vum Bësch an anere Planzen besser.”
Do wou de Wollef komplett verschwonne war, kéint d’Presenz vun engem oder enger Koppel schonn Ännerungen am Verhale vun den anere Déieren ervir ruffen.
“Do schwätze mer net vun enger massiver Reduktioun vun enger Populatioun, well se gefriess ginn, mee se verhale sech anescht duerch d’Presenz vun engem Predator. Wa méi Déieren dohi kommen, kann dat laangfristeg aner Impakter hunn an et dauert laang, bis en Ökosystem sech apendelt an an e Stadium kënnt, wéi e virdru war.”
Et kéint een och net wierklech vun ze vill Wëllef schwätzen, vue datt et eng heemesch Aart ass, déi an eisen Ökosystem gehéiert. Aus der Siicht vun der Naturverwaltung wier en negativen Impakt just, wann de Wollef bis un Haus- an Notzdéieren géif goen. D’Marianne Jacobs huet awer nach betount, datt een oppe mam Sujet vum Wollef soll ëmgoen an net direkt Virurteeler hunn.
Wollef am Oste vum Land gefilmt: “D’Verhale vum Déier deit drop hin, datt et e Wollef ass” (24.8.23)