Sträit ëm Promotioun vu PolizistenDecisioun vum Etienne Schneider annuléiert ginn

Lynn Kayser
An hirem juristesche Sträit mam Minister fir bannenzeg Sécherheet ëm eng Promotioun kruten zwee Poliziste vum Verwaltungsgeriicht Recht.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Déi zweet Instanz vum Verwaltungsgeriicht huet de Polizisten hir Appeller nämlech als justifizéiert ugesinn an dofir Decisioune vum Étienne Schneider vum Februar 2017 annuléiert. Den Dossier muss elo zréckgoe bei deem säin Nofolger François Bausch.

Poliziste kréie Recht / Reportage Eric Ewald

Deen ee Mann war 1998 Policebrigadier an 2001 Policeinspekter genannt ginn, ier hien 2014 dem Regierungsgarage zougeuerdent gouf. Deen anere gouf 1997 Policebrigadier an 2000 Policeinspekter genannt, 2004 der Maison grand-ducale zougeuerdent an 2015 dunn an de Regierungsgarage affektéiert. Béid Männer waren dee Moment och „hors cadre“ placéiert ginn.

Déi zwee haten den Étienne Schneider am November 2016 gefrot, fir an de Grad P7 (neierdéngs F7) vum Commissaire en chef ze kommen. De Minister fir bannenzeg Sécherheet hat béid Demanden am Februar 2017 zréckgewisen. D'Begrënnung war déi, si allen zwee misste waarden, bis eng Plaz fräi géif ginn. Si wären nach net „en rang utile“, fir Commissaire en chef genannt ze ginn, respektiv hätten nach keng Anciennetéit vun 20 Joer Opweises. Am Mee 2017 ware béid Polizisten op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Den Tribunal administratif hat hir Recoursen am August zejoert als net fondéiert zréckgewisen, wougéint déi zwee Männer am Oktober Appell gemaach haten.

Déi zweet Riichter halen an hiren Uerteeler fest, dass deenen zwee Polizisten, déi „hors cadre“ placéiert gi waren, hir Situatioun duerch en neit Gesetz ausser Kraaft gesat gouf. Et hätt och en Anciennetéitsrang par rapport zu hire Kollegen, déi am Kader bliwwe waren, misse fixéiert ginn. Well dat net geschitt ass, wären d'Ministeschdecisiounen ënnert anerem wéinst enger Violatioun vum Gesetz ze annuléieren. Béid Polizisten hätten dann och all Kéier eng Indemnité de procédure vun 1.000 € zegutt. Iwwregens hu béid Polizisten op den 1. Mäerz 2017, respektiv den 1. Mäerz 2018 hir Promotiounen an de Grad F7 zougesprach kritt.

Back to Top
CIM LOGO