D’Problemer goufe géint 17.50 Auer gemellt.
Zu Esch-Sauer, Groussbus a Wal waren d’Problemer no enger hallwer Stonn um 18.23 Auer behuewen.
Zu Wëntger an zu Wolz par konter huet et vun 18 bis 20.41 Auer gedauert, bis déi lescht Strooss net méi am Däischtere war. Dat war um Site vu Creos ze liesen.

Wéi Creos um Méindeg de Mëtteg matdeelt, war den Ausléiser vun der Pann en Defekt un engem Kabel mat Mëttelspannung um Posten zu Rulljen, un deem Wolz, Näertrech, iwwer Uewerwampech, Nacher, Heischent bis Eschduerf ugeschloss sinn.
D’Ekippe vu Creos hunn den defekte Kabel isoléiert, wouduerch an Etappen de Stroumreseau nees konnt hiergestallt ginn. Um 19.35 Auer wieren 80% vun de betraffene Stéit nees ugeschloss gewiescht. Um 20.59 Auer wieren all d’Clienten nees um Netz gewiescht, esou Creos weider.