
A sengem Rapport huet de Rechnungshaff e Plus vu ronn 800 Milliounen Euro bei den Depensë festgestallt, awer och e Plus vun zwou an enger hallwer Milliard op Säite vun de Recetten.
Um Enn weisen d’Konten also en Defizit, deen däitlech méi kleng ass wéi am Budget virgesinn. Ënner dem Stréch steet just nach e Minus vun 800 Milliounen an net, wéi am Budget virausgesot, vun 2,4 Milliarden.
D’Differenz vu ronn 1,6 Milliarden erkläert sech haaptsächlech duerch d’Recettë bei de generelle Steieren a bei der TVA, déi zejoert däitlech méi héich ware wéi geduecht.
De Budget 2021 wier am Joer 2020 opgestallt ginn, am Kontext vun der Pandemie, heescht et vum Patrick Graffé, Vizepresident vun der Cour des Comptes. 2020 wier ee ganz virsiichteg gewiescht mat de Previsioune fir 2021. Um Enn gouf et zejoert awer eng staark wirtschaftlech Relance an dat erkläert de staarke Plus u Recetten.