
Déi nächst Studentefoire ass Enn Oktober an der Coque. Dat deelen den Héichschoulministère an d'ACEL, d'Associatioun vun de Studente-Cerclen e Freideg an engem Schreiwes mat.
Domat ass also eng Decisioun gefall, no längeren Diskussiounen, well virun allem d'ACEL net mam Choix vum Belval zefridde war, wou déi lescht Editioune waren. Neie Rendez-vous ass elo dann am nationale Sport- a Kulturzenter um Kierchbierg, donneschdes de 29. a freides den 30. Oktober.
Déi 40. Editioun wäert och méi breet opgestallt sinn. Nieft de klassesche Stänn vun de Studente-Cerclen wäert déi professionell Orientatioun méi Gewiicht kréien, wéi och de fräiwëllegen Engagement vun de Jonken. Esou wëllen de Ministère an d'ACEL déi Jonk an hiren Zukunftspläng besser begleeden, sief et um akademeschen oder um beruffleche Wee.
Informatiounen fënnt een och elo schonn um Internetsite studentefoire.lu.