1.500 Participanten, opgedeelt op 240 Ekippen hunn deelgeholl.
De Landjugenddag ass e Rallye bei deem et gëllt 5 Aktivitéite méi oder wéineger gutt z’iwwerstoen. Iwwer 8 Kilometer hu sech déi eenzel Spiller verdeelt. Mol war Geschécklechkeet verlaangt, mol sportlecht Kënnen. Och wann déi eenzel Gruppe sech géintenee gemooss hunn, stoung dach awer de Spaass am Mëttelpunkt.
All Joers organiséiert en anere regionale Jugendgrupp dëse speziellen Dag. No Harel d’lescht Joer an Tandel 2023 ass et d’nächst Joer un der Landjugend Süden, sech em d’Organisatioun ze këmmeren. Zu Sprénkeng geet dann déi 48.Editioun iwwer d’Bün.