Lëtzebuerg huet eng nei VerfassungDéi éischt grondleeënd Reform an 155 Joer

RTL Lëtzebuerg
Den ale Verfassungstext geet nämlech op 1868 zréck, och wann en en cours de route ëmmer nees ugepasst ginn ass.

Nei Verfassung fir Lëtzebuerg / Reportage Diana Hoffmann

D’Verfassung reegelt d’Grondrechter vun de Bierger an de Fonctionnement vum Staat an den Institutiounen. De Co-Rapporter vum Text Léon Gloden dréckt et esou aus, dass d’Verfassung an éischter Linn d’Fundament vum Haus Lëtzebuerg ass.

D’Lëtzebuerger Sprooch, d’Heemescht an de Fändel sinn elo fir d’éischt Kéier dra verankert. Doriwwer eraus gëtt sech zu der Monarchie constitutionelle bekannt, sou de Co-Rapporter Mars Di Bartolomeo. De Grand-Duc an d’Monarchie géingen duerch den Texter de Wee an eis Zäit fannen. Wann een déi al Verfassung géing kucken, kéint ee bal mengen, et wier een am 19. Joerhonnert hänke bliwwen, sou de Politiker.

Fir de Léon Gloden war et ganz wichteg, dass d’Onofhängegkeet vun der Justiz och formal an d’Verfassung stoe kënnt. Ma och, dass en nationale Justizrot geschafe gëtt. Hei hunn d’Bierger d’Méiglechkeet, wa se mam generelle Fonctionnement vun der Justiz net zefridde sinn, eng Requête ofzeginn.

Doriwwer eraus gëtt d’Chamber vis-à-vis vun der Regierung gestäerkt, betount de Mars Di Bartolomeo. Déi Deputéiert missten an Zukunft all Informatioune kréien, déi se froen. Den Droit d’enquête gëtt da vereinfacht, andeems just een Drëttel vun den Deputéierten néideg ass, fir eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun anzeberuffen.

Interessant fir verschidde Bierger ass awer déi sougenannte Biergerinitiativ. Bierger kënnen hei eng Gesetzespropos maachen, déi awer muss vun 125 Wieler agereecht a vun 12.500 Wieler ënnerschriwwe ginn. “Leit, déi eng Propos wëlle maachen, sollen och vun der Chamberverwaltung gehollef kréien, fir dat ze formuléieren”, betount de Co-Rapporter Charles Margue. Hei soll d’Hürd net ze héich gesat ginn.

Nieft de Gesetzer ginn an der Verfassung och Staatsziler definéiert. Dëst behandelen urgent Sujete vun der haiteger Zäit, wéi e Recht op eng dezent a bezuelbar Wunneng oder och verbesserte Klimaschutz. D’Verfassung géing sech de groussen Defie vun eiser Gesellschaft zu Lëtzebuerg, an Europa an op der Welt unhuelen, seet de Léon Gloden. A sech kloer zur Kultur, der Fuerschung an der Uni bekennen, alles Konzepter, déi et 1868 nach net ginn hätten.

Back to Top
CIM LOGO