D'Mesure vum CNDS, dem Comité National de Défense sociale, huet als Zil, duerch d'Aarbecht, d'Leit, déi hei begleet ginn, sozial ze integréieren. An dat elo schonn zanter 40 Joer. D'Profiller vun de Leit si ganz ënnerschiddlech. 26 verschidden Nationalitéite gouf et d'lescht Joer. Déi ënnerschiddlech Schicksaler bréngen och ganz verschidde Besoine mat sech. Anescht wéi um privaten Aarbechtsmarché kënnen hei zum Beispill speziell Schaffzäiten accordéiert ginn, wann eng Persoun duerch eng Krankheet oder familiär Schwieregkeeten ageschränkt ass. Iwwer 90 Beneficiairë schaffen hei ënnert der sougenannter TUC-Mesure, also dem Travail d'utilité collective a kréien de REVIS. De gereegelten Alldag, eng sënnvoll Aarbecht an och einfach nees ënnert d'Leit kommen, dat hëlleft bei der Reintegratioun an d'Aarbechtswelt a gëtt de Leit och dat néidegt Vertrauen a sech selwer, fir nees op d'Been ze kommen, erklärt d'Stephanie Sorvillo, Direktesch vum CNDS.
Fir dass hei Leit kënne schaffen an encadréiert ginn, gi gebrauchte Saache fir e klenge Präis verkaf. Akafe komme ka jiddereen. An d'Demande ass grouss. Wann de Buttek um 14 Auer op mécht, si scho vill Leit do. D'Géigestänn, Miwwelen, Kleeder a villes méi gi vu Leit gespent, esou de Charel Kneip, Direkter vun Nei Aarbecht. Dräi Camione ginn all Dag op Tournée. Mëttlerweil ass den Interessi esou grouss, dass een zum Deel wochelaang waarde muss, bis Aarbechter d'Saache kënne laanscht siche kommen. Am Ganze ginn iwwert dee Wee am Joer 600 Tonne recuperéiert.
Et kann een awer och selwer Saache laanschtbréngen. Da gëtt gekuckt, ob alles gutt an der Rei ass a sech iwwerhaapt weiderverkafe léisst. 40.000 Kleedungsstécker an 20.000 Elektrogeräter sinn d'lescht Joer erakomm. De Buttek gesäit quasi all Dag anescht aus, esou den Direkter vun Nei Aarbecht, de Charel Kneip. Well villes direkt verkaf gëtt an den Dag drop da schonn Neies opgebaut gëtt.
Ofbauen, opbauen, Saache siche goen a kontrolléieren ob alles fonctionéiert. Jiddereen huet hei seng Aufgab, säi Rôle. Fir d'Leit nach besser kënnen ze begleeden, wéilt een d'Plaz awer ausbauen, esou d'Direktesch vum CNDS, d'Stephanie Sorvillo. Entspriechend Pläng ginn et schonn.
Duerch d'Nei Aarbecht eng nei Aarbecht fannen, dat ass hei d'Zil.
Fir d'Atelieren, also d'Aarbecht hannert dem Second-Hand-Shop méi visibel ze maachen, gëtt den Anniversaire dëse Samschdeg grouss gefeiert. D'Leit hunn d'Méiglechkeet, mat de Beneficiairen zesummen d'Ateliere kennenzeléieren a selwer och sou munches auszeprobéieren.