
Kämpferesch an emotional war de Kongress vun déi Gréng en Donneschdeg den Owend am Tramsschapp um Lampertsbierg. Eng 270 Leit waren am Sall a si hu mat ecrasanter Majoritéit dofir gestëmmt, datt den Henri Kox an d'Regierung noréckelt an do d'Funktioune vum Logementsminister a vum delegéierte Minister fir d'Defense an d'bannenzeg Sécherheet iwwerhëlt.
Direkt am Ufank vum Kongress huet de Parteipresident Christian Kmiotek sech un de Felix Braz adresséiert, fir him eng gutt Besserung ze wënschen.
Genee dat hunn och all d'Leit am Sall gemaach, si hunn eng Kaart fir hire Kolleg ënnerschriwwen.
Déi lescht Woche wiere bal net z'erdroe gewiescht, sot en opgewullte François Bausch, deen drun erënnert huet, datt d'lescht Joer am Mee mam Camille Gira ee vu senge beschte Frënn gestuerwen ass.
Och den zukünftege Minister Henri Kox huet mat den Tréine gekämpft.
Elo wier et un him Verantwortung z'iwwerhuelen a weiderschaffen, huet och d'Presidentin Djuna Bernard gesot. Dat wier sécher am Sënn vum Felix Braz.
D'Evenementer zu Déifferdeng koumen natierlech och zur Sprooch. Et wiere Feeler geschitt, wat keen ofstreit. Am Contraire. Et misst een dofir Suergen, datt esou eppes net méi virkënnt, esou de François Bausch.
Den neie grénge Vizepremier huet sech genee wéi d'Parteimemberen am Sall hannert d'Carole Dieschbourg gestallt huet.
Et géif den Ament vill mat Ënnerstellunge geschafft, ma e Beweis fir Favoritismus géif et net ginn. D'Parlament géif quasi zu enger ëffentlecher Justizveranstaltung ginn. Natierlech, esou de François Bausch, kéint ee versichen, dat nozehuelen, wat engem an de leschte 5 Joer net gelongen ass.
Och de Parteipresident Christian Kmiotek war opbruecht, esou wéi dës Situatioun vu verschiddene Leit an d'Ëffentlechkeet bruecht gëtt.
"All déi, déi dovun dreemen, datt d'Regierung ausernee fält, solle weider dreemen" mat deene Wieder ass dem François Bausch seng Interventioun op en Enn gaangen.
D'Semiray Ahmedova an d'Chantal Gary réckelen automatesch an hir nei Funktioun an der Lëtzebuerger Politik. D'Semiray Ahmedova réckelt fir de Roberto Traversini an d'Chamber no. D'Chantal Gary iwwerhëlt de Poste vum Henri Kox.
LINK: D'Detailler vun de Changementer