Déi GréngAhmedova, Gary a Kox iwwerhuele Verantwortung

RTL Lëtzebuerg
Déi Gréng, déi noréckelen, sinn absolut keng Noutléisung, mä d'Idealbesetzung, seet d'Parteispëtzt.

Wat geschitt elo mam Roberto Traversini? Dat war eng vun de sëlleche Froen um Mëttwoch de Moien op engem Point Presse vun de gréngen. De fréieren Déifferdenger Buergermeeschter huet jo d’lescht Woch als Gemengepapp demissionéiert, an e Mëttwoch de Mueren dunn och als Deputéierten.

© Sam Bouchon / RTL Télé Lëtzebuerg

Elo wier den Här Traversini eng Privatpersoun fir d’Partei, esou de Parteipresident Christian Kmiotek. Ob de Roberto Traversini an d’Fraktioun schaffe géif goen, mat sengen 56 Joer, dorobber wollt d’Parteispëtzt keng Äntwerte ginn.

Point Presse vun Déi Gréng - Reportage Nadine Gautier

D’Successioun vum Roberto Traversini iwwerhëlt d’Semiray Ahmedova (Wéi RTL um Mëttwoch de Moie scho gemellt hat). Si huet 38 Joer, huet Architektur a Landesplanung studéiert, an huet ënnert anerem bei My Energy geschafft, ier si elo bei de Ministère vum Amenagement du Territoire schaffe goung. Si kéint d’nächst Woch als Deputéierten vereedegt ginn, an dann och d’Presidentschaft vun der Logementskommissioun iwwerhuelen, huet et um Mëttwoch de Muere geheescht.

D'Semiray Ahmedova

© Sam Bouchon / RTL Télé Lëtzebuerg

Déi war bis elo an den Hänn vum gréngen Deputéierten Henri Kox. Dee soll elo Logementsminister ginn. Dat huet den Exekutivcomité vun de Gréngen en Dënschdeg den Owend decidéiert. D’Decisioun vun deem Comité soll dem Kongress en Donneschdeg ënnerbreet ginn, deen den Henri Kox op dee Posten da wiele soll. Hie wier frou dee Posten, sollt en approuvéiert ginn, z’iwwerhuelen. Schonn als Gemengepapp hätt hie mam Logement ze dinn gehat. Hie wier an den Dossieren dran, a kéint an der Suite vun der Sam Tanson weiderschaffen, déi gëtt jo Justizministesch, nodeems de Félix Braz gesondheetlech Problemer huet.

Den Henri Kox soll och dem Verdeedegungs- a Policeminister François Bausch ënnert d’Ärem gräifen: "Eng Prioritéit ass de Pacte Logement elo am Hierscht. D'Sam Tanson huet do schonn ganz vill Viraarbecht gemaach. Si ass op d'Gemengen duergaangen, huet Konferenze mat hinne gefouert, dat leit elo vir. Am November soll een Debat de consultation sinn. A wann ech da muer den GO vum Kongress kréien, da wäert ech mech direkt doranner stierze fir mat de Gemengen dee Pakt esou ze gestallten, datt en de Besoinen déi se hunn, gerecht gëtt."

© Sam Bouchon / RTL Télé Lëtzebuerg

D’Josée Lorsché, déi Fraktiounscheffin bei de Gréngen ass, huet op ee Ministeschposten verzicht. Dofir géifen et zwee Grënn ginn, esou d’Josée Lorsché. Zum engen, well mam Henri Kox ee Mann d’Rudder am Logement géif iwwerhuelen, deen Anung hätt, a si weider Fraktiounscheffin wéilt bleiwen. Dat wier zwar keen esou ee spektakulären Job, ma si wéilt do weider schaffen, an d’Chantiere weider begleeden: "Ech hunn eng Fraktioun mat 6 neien Deputéierten hei opgebaut, wou elo nees Neier dobäi kommen. Wou ech mëttlerweil weess wéi den Hues leeft. D'Fraktiounsaarbecht ass eng wichteg Aarbecht, si ass net esou spektakulär wéi ee Ministeramt ze bekleeden, mee si ass wichteg, well ouni Fraktioun ka keng Regierung funktionéieren."

Zum aneren wollt si hire Posten an der Gemeng Beetebuerg als Schäffen net opginn, well si hei besonnesch am Schoulberäich aktiv wier, a si hätt kee wëllen enttäuschen: "Wéi gesot, ech wéilt meng Gemeng net enttäuschen a soen, ech dréinen Iech vun haut op muer de Réck. Wuelwëssend datt mir eng immens Persoun a gutt Alternative zu mir hunn."

Successeur vum Henri Kox als Deputéierten gëtt d’Chantal Gary vu Gréiwemaacher. Si huet sech an hirem Studium mat der Landwirtschaft a nohalteger Regionalentwécklung beschäftegt. Si ass geléiert Geographin, Hobbywënzerin a schafft beim Verkéiersverbond zanter engem Joer.

D'Chantal Gary

© Sam Bouchon / RTL Télé Lëtzebuerg

Ausseruerdentleche Kongress

Op engem ausseruerdentleche Kongress en Donneschdeg den Owend vun 19 Auer un am Tramsschapp um Lampertsbierg, wëlle sech déi gréng nei opstellen. D'Partei huet mouvementéiert Zäiten hannert sech. Fir d'éischt den uergen Häerzinfarkt vum Félix Brax, dunn d'Affär Gaardenhaischen an net méi spéit wéi e Mëttwoch, an der Suitte vun där Affär, de Récktrëtt vum Roberto Traversini och als Deputéierten.

Um Kongress en Donneschdeg den Owend sollen d'Remaniementer an der Regierung ofgeseent ginn.

D'Sam Tanson iwwerhëlt de Justizministère vum Félix Braz, si bleift Kulturministesch a gëtt de Ressort vum Logement of un den Henri Kox.

De Mobilitéitsminister François Bausch gëtt Vizepremier. Den Henri Kox gëtt donieft och delegéierte Minister fir Defense a bannenzeg Sécherheet. Hie soll de François Bausch an dëse Ressorten ënnerstëtzen.

An d'Chamber réckele wéi gesot zwou Fraen no. Den Henri Kox gëtt vun der Chantal Gary vu Gréiwemaacher ersat an de Roberto Traversini vun der Semiray Ahmedova vun Diddeleng. Domadder géif den aktuell déngschteelste gréngen Deputéierten an d’Regierung kommen.

#Gaardenhaischen: Traversini trëtt als Deputéierten zeréck, Ahmedova soll noréckelen

Back to Top
CIM LOGO