NeijoerschreceptiounDéi Gréng: Just mat eis kann d'Transitioun weidergefouert ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi Gréng soten, si hätten de Courage fir Dossieren unzepaken, déi aner Leit Joerzéngte laang schleefe gelooss hunn.
Neijoerschreceptioun déi Gréng
Déi Gréng hunn de Courage fir Dossieren unzepaken, déi aner Leit Joerzéngte laang schleefe gelooss hunn.

“Déi Gréng sti fir konkret Resultater amplaz Parolen” huet et e Méindeg den Owend um Neijoerschpatt vun der Partei geheescht. Si hat hir Memberen an d’Rockhal invitéiert. Déi Gréng sinn houfreg op dat, wat se an de leschte Jore geleescht hunn. Si hätten Dossieren ugepak, déi anerer Joerzéngte laang schleefe gelooss hätten. Dofir gouf et fir all grénge Minister eng Bonne Note.

Neijoerschreceptioun déi Gréng / Rep. Dany Rasqué

Zum Beispill fir den Henri Kox, dee géif dofir suergen, datt endlech ëffentlech Wunnenge gebaut géifen, déi ee kéint bezuelen, an deen eng Propose gemaach huet, déi d’Locataire virun exzessive Loyere géif schützen. Eng Propose, déi jo awer an de leschte Woche fir Kritik vun de Koalitiounspartner gesuergt huet. An der Opzielung vun der Co-Presidentin Djuna Bernard huet natierlech och den Energieminister net gefeelt.

“Eise Super-Turmes, deen huet am leschte Joer un éischter Front géint d’Energiekris gekämpft an huet och an dëse schwéieren Zäite fir eng bezuelbar, sécher a propper Energieversuergung gesuergt. Mat vill sozialem Gewëssen, engem Sécherheetsnetz dat eis schützt a mam massiven Ausbau vun den erneierbaren Energien.”

Bis zum Schluss, bis de Walsonndeg, wéilt ee weider schaffen, huet de Co-President Meris Sehovic betount. An et héiert een eraus, datt gréng och nach no de Wale soll wierken.

“Et geet drëms, ob dës Transitioun weidergefouert gëtt a mir Gréng sinn déi eenzeg, déi dat garantéiere kënnen. Déi garantéiere kënnen, datt all déi positiv Changementer, déi mer elo ugekierpt hunn, bis zum Schluss virugedriwwe ginn. Dofir si mer do. Dat ass eisen Optrag.”

Bis zu de Rendezvousen an de Walbüroen hunn déi Gréng awer nach vill wëlles.

D’Fraktiounscheffin Josée Lorsché huet zum Beispill d’Landwirtschaft genannt, méi en transparente parlamentaresche System an de Gesondheetssystem. Dee misst méi effikass, méi patientenorientéiert a méi präventiv sinn.

© pier

Back to Top
CIM LOGO