Fir d’Chamberwalen am OktoberDéi Jonk Sozialiste froe jonk Co-Spëtzte bei der LSAP

RTL Lëtzebuerg
Et soll an de Bezierker Duebelspëtzte ginn, mat all Kéiers engem jonke Sozialist, dat heescht ënner 35 Joer.
D'Izabela Golinska an de Max Molitor
D’Izabela Golinska an de Max Molitor

Et bräicht ee méi jonk a méi weiblech Kandidaten.

2018 haten déi direkt gewielten LSAP-Kandidate bei de Walen eng Altersmoyenne vu bal 57 Joer a waren all Männer.

D’LSAP hätt um Kongress gesot, si wéilt d’Partei vun deene Jonke sinn.

Politik fir déi Jonk maachen, géif och heesche Politik mat deene Jonke maachen, schreiwen d’Jusoen an engem Communiqué mat de Fuerderungen un hire Mammepartei.

Back to Top
CIM LOGO