
Virun engem onbewunnten Haus am Zentrum vun der drëttgréisster Stad, dat amgaangen ass ze verfalen, hu si Flyer verdeelt an Affichen un d’Haus gepecht. Op dëse si Portraite vu Leit ze gesinn, déi eng Wunneng brauchen. Et ass net déi éischt Aktioun, déi si an där Form maachen. An net déi lescht.
“Eleng am Zentrum gëtt et eng zéng Haiser, déi offensichtlech eidel stinn”, schätzt de Porte-parole vun Déi Lénk, de Gary Diederich. Fir ganz Déifferdeng kéinten et ëm 200 Wunnenge sinn. 200, wou et evident ass, well een et direkt gesäit. Sou wéi och beim Haus an der Rue Emile Mark, dat schonn op d’mannst 12 Joer laang onbewunnt ass a wou de Proprietär och no Negociatioune mat der Gemeng net verkafe wëllt.
“De Leerstand vu Wunnenge muss mat Taxe geléist ginn”, betount den Eric Weirich, Gemengeconseiller zu Déifferdeng. An esou eng Tax misst dann am beschte Fall nom Wäert vun der Wunneng oder dem Haus gestaffelt sinn an och mat dësem klammen. An der Gemeng Déifferdeng géing scho vill gemaach ginn, fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréien, mee et géing nach net duer. D’Gemeng misst dofir och méi bauen, op den Terrainen, déi hir gehéieren, ënnersträicht den Eric Weirich. Den Ament gëtt e Regëster iwwer d’Bauland vun der Gemeng Déifferdeng erstallt. Dat wäerten tëscht 10 a 25 Hektar sinn, sou den Eric Weirich.
Doriwwer eraus hunn Déi Lénk nach eng ganz Partie Fuerderungen, dorënner zum Beispill, datt alternativ Wunnforme wéi Wunnkooperativen an Tiny Houses solle promouvéiert ginn. An och u Logements d’Urgence, zum Beispill a Form vu mobile Wunnstrukturen, géing et feelen. Positiv ervirgehuewe gëtt awer, datt d’Gemeng sou séier reagéiert huet an am Hotel Gulliver, deen dës rezent opkaaft hat, elo 45 Zëmmer fir eng 100 Flüchtlingen aus der Ukrain zur Verfügung stellt.