Online-ServicerDéi Lénk kritiséieren d'Situatioun vun de "Plattform-Aarbechter"

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg sollen iwwer 2.500 Leit bei sou Online-Servicer beschäftegt sinn.

An enger Pressekonferenz hunn déi Lénk d’Situatioun vun de sougenannten “Plattform-Aarbechter” kritiséiert. Dat si Leit, déi fir Online-Servicer schaffen, wéi zum Beispill Liwwerdéngschter. Zu Lëtzebuerg sollen dat iwwer 2.500 Leit sinn. De gréisste Problem bei dëser Form vun Aarbecht wier, datt déi Leit als Independanten ugesi ginn. Deementspriechend hätte si dann och manner Akommes, prekär Aarbechtsbedéngungen a keng anstänneg sozial Ofsécherung.

“Mir hu mat Leit geschwat, déi an deem Secteur schaffen, an déi zielen eis, dass se zum Schluss vum Mount ëm déi 2.000 Euro brutto hunn. Dat ass dann ouni Steieren ofzezéien an dann hu se awer 7 Deeg op 7 geschafft. 60-70 Stonnen d’Woch. An déi hu keng Sozialversécherung, dat heescht, wa se krank sinn oder een Accident hunn, da kënne se net fräihuelen. Se kënne vun haut op muer gekënnegt kréien a se sinn null ofgeséchert,” seet Carole Thoma, Porte-parole vun Déi Lénk.

Virun dësem Hannergrond hunn déi Lénk zejoert eng Gesetzespropos vun der Salariatskummer an der Chamber deposéiert, fir kënnen d’Aarbechter besser ze schützen.

Fir ze wëssen, ob eng Persoun Salarié oder Onofhängeg ass, gesäit d’Gesetzespropos verschidde Krittäre vir. Sollt een dovunner erfëllt sinn, sollt déi concernéiert Persoun als Salarié agestuuft ginn.

“Eis Krittäre weisen, datt fir all Plattformsaarbecht zu Lëtzebuerg eigentlech déi Présomption de travail besteet an en Aarbechtsvertrag eigentlech besteet. Wichteg ass fir eis, dass dat och ganz liicht an einfach ze iwwerpréiwen ass, ouni déifgrënneg Analysen a laangwiereg Prozesser. Beim Livreur huet een zum Beispill d’Aarbechtszäiten an d’Remuneratioun, dat sinn zwee Krittären, déi si kloer”, präziséiert d’Deputéiert Myriam Checchetti.

Bis elo wier d’Propositioun awer nach net vun der Regierung oder vum Staatsrot aviséiert ginn. D’Partei geet dovunner aus, datt d’Regierung op eng Direktiv vu Bréissel waart.

Déi Lénk iwwer Plattformaarbecht / Reportage Sabrina Backes

Back to Top
CIM LOGO