
“Et ass en Trauerspill, wann een nokuckt, wéi d’Stad an d’Regierung sech virun hirer Verantwortung drécken a sech géigesäiteg de schwaarze Péiter zouspillen.” Dat bedaueren déi Lénk an engem Communiqué e Freideg de Mëtteg, an deem si kloer soen, datt si géint e Manifestatiounsperimeter sinn. Dësen gouf jo am Dezember vum Premier Xavier Bettel an der Chamber am Kader vun den Anti-Covid-Maniffen decidéiert.
Déi Lénk fuerderen engersäits, datt d’Regierung sech kloer positionéiert, mä och datt d’Stad Lëtzebuerg an d’Police all Maniff Fall fir Fall analyséieren. Hannergrond ass de Fraestreik den 8. Mäerz, vir deen d’Organisateuren bis ewell keng Decisioun matgedeelt kruten, wat de Parcours vun där Maniff betrëfft. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet der Plattform JIF erkläert, d’Decisioun misst op nationalem Niveau geholl ginn.
Aus dem zoustännege Ministère heescht et allerdéngs, si hätten näischt domat ze dinn. D’JIF bleift weider dobäi, de Fraestreik den 8. Mäerz um Tracé tëscht der Gare an der Place d’Armes z’organiséieren.
Kee Perimeter fir Maniffen.
déi Lénk si géint ee Manifestatiounsperimeter fir Maniffen. Mee d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer oder d’Regierung - wie responsabel ass schéngt net kloer - hu kee Problem weiderhin d’Grondrechter vun de Bierger.inne mat Féiss ze trëppelen andeems se eng nei Norm fir Manifestatioune schafen. Fakt ass, dass de Xavier Bettel de 7. Dezember dee Perimeter an der Chamber dekretéiert huet an der Stad Lëtzebuerg an der Police et iwwerlooss huet en ze definéieren.
Et ass einfach inakzeptabel, dass esou ee fundamentaalt Recht wéi d’Manifestatiounsrecht ageschränkt gëtt, well et an der Vergaangenheet zu gewaltsame Manifestatioune koum. déi Lénk si natierlech net solidaresch mat gewaltsame Manifestanten, mee ee Rechtsstaat, wéi Lëtzebuerg hoffentlech een ass, muss een onageschränkt Manifestatiounsrecht garantéieren. Et ass ee Recht, dat Sozial- an Aarbechterbeweegungen sech haart erkämpft hunn. déi Lénk hate schonn am Dezember an engem Communiqué geschriwwen, dass op kee Fall sozial an demokratesch Rechter dierfe beschnidde ginn.
déi Lénk verlaangen och elo eng kloer Positioun vun der Regierung. De Xavier Bettel huet kloer de 7. Dezember gesot: « Demokratie wäert ni virun enger gewaltbereeter Grupp vu Leit an d’Knéie goen. Mir loossen ons net aschüchteren. » déi Lénk froe sech ob d’Aspäre vun engem Grondrecht an ee Perimeter net de Beweis ass, dass d’Aschüchterungsversich vun enger gewaltsamer Minoritéit hir Friichte gedroen hunn ?
Et ass awer och een Trauerspill wann een nokuckt wéi sech d’Stad an d’Regierung virun hirer Verantwortung drécken a sech géigesäiteg de schwaarze Péiter zouspillen. Eng dréngend parlamentaresch Fro vun déi Lénk zum Perimeter gouf als “irrecevable” deklaréiert, well dee Perimeter an de Kompetenzberäich vun der Stad Lëtzebuerg fält, sou d’Argument vum DP-Chamberspresident Fernand Etgen. D’Stater DP-Buergermeeschterin Lydie Polfer verséchert awer an engem Schreiwes un d’Organisatioun vum Fraestreik, dass de Perimeter um nationalen Niveau decidéiert gouf (« Le zoning a été décidé au niveau national (…) »). déi Lénk hunn awer eng nei Fro un de Xavier Bettel an d’Policeminister Henri Kox gestalt, fir ze wësse wat iwwerhaapt d’legal Basis vun dem Perimeter ass, well jo ni ee Gesetz gestëmmt gouf. Op d’Äntwert si mir gespaant.
déi Lénk fuerderen dass d’Stad Lëtzebuerg mat der Police all ugemellte Maniff “au cas par cas” no objektive Krittären analyséieren, wéi se dat bis elo ëmmer gemaach hunn. Alles anescht wier eng Violatioun vun eise Grondrechter an eiser Verfassung.
Matgedeelt vun déi Lénk.