Manner Bedruchsfäll a Vandalismus, dofir awer méi Iwwerfäll mat Gewalt a Fäll vun Haislecher Gewalt: Dat ass de Constat vun der Police, déi hire Joresrapport virgestallt huet. D'Sensibiliséierungscampagnë géifen hir Friichten droen an awer wier Bedruch, Phishing an och Cyberkriminalitéit am allgemengen ee Beräich, deen an der Aarbecht vun der Police ëmmer méi present gëtt.
D'Zuele vun de Gesamtaffäre bei der Police sinn ëm 1,3% eropgaangen. Well d'Populatioun awer och weider gewuess ass, sinn d'Zuele relativ gesi konstant. Wei den CSV-Innen-a Policeminister Léon Gloden ënnersträicht, wiere ronn 90% vun de Mesuren aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat oder um Instanzewee. Weider preziséiert de Minister:
De Platzverweis renforcé kënnt, dat ass esou sécher wéi d'Amen am Gebiet, ech hu mech dofir engagéiert an ech hale meng Verspriechen.
Och géif un enger besserer Zesummenaarbecht tëscht de Ministère geschafft ginn, fir eng méi effikass Präventiounsaarbecht ze maachen. Och d'Kooperatioun mat de Noperen wier wichteg:
Natierlech ass d'Policeaarbecht um nationale Plang wichteg, mee fir Erfolleg um nationale Plang ze hunn, muss een och gutt vernetzt sinn um internationalen europäesche Plang. An do hu mir och eng exzellent Zesummenaarbecht mat eisen Noperen.
D'Fäll vu Vandalismus, Abréch an onbewunnten Haiser an och vu Bedruch sinn am leschte Joer erof gaangen. Bei de Bedruchsfäll, a virun allem beim Phishing, huet ee sech mat enger Task Force nei opgestallt, wéi d'Kristin Schmit, Directrice vun der Police Judiciaire, erkläert:
Et ass eng ganzheetlech Approche vun der ganzer Police, dat heescht, souwuel vum Volet vum Service de police judiciaire wéi awer och d'gemeinschaftlech Aarbecht mat eise Kommissariater. An deem Kontext huet déi Taskforce 33 Verhaftunge gemaach a vun den Zuelen hier hu mer 21 Milliounen Euro blockéiert. Dat ass also schonn en immense Phenomeen, wou mer versiche mat där Taskforce entgéintzetrieden.
Iwwerdeems sinn d'Fäll vun Haislecher Gewalt an Iwwerfäll mat Gewalt erop gaangen. Och wann een hei preziséiert, datt och méi Affer d'Fäll mellen, an et bei de Gewaltsamen Iwwerfäll dacks déi selwecht Täter sinn, an net méi Täter.
Am leschte Joer 144 Polizisten bäikomm, dat ass een Netto plus vu 94 Beamtinnen a Beamten. Dëse kontinuéierlechen Zouwuess géif och méi Presenz um Terrain erlaben, esou de Generaldirekter vun der Police Pascal Peters:
Mir wäerten, Dank deene Renforten, d'Kommissariat an der Uewerstad ab Ugangs Mee 24 Stonnen op 7 opmaachen, dat heescht, do hutt Dir een Haaptstadkommissariat wat permanent da wäert fonctionéieren. Et erlaabt eis natierlech haaptsächlech wärend deenen Touristesaisonen awer och wärend de Chrëschtmäert eng permanent Presenz do ze hunn, respektiv e Büro, deen do fonctionéiert an deen och déi lokal Begeebenheete kennt.
An hirem Joresrapport preziséiert d'Police weider datt Déifställ déi a Verbindung mat Autoe stinn ëm 3 % geklomme wieren. Besonnesch SUV'en wiere bei de Brigange beléift.
D'Police mécht dann och de Rappell, keng Wäertsaachen am Auto leien ze loossen.