Ronn 5 Wochen no de WalenDéi lescht Buergermeeschteren a Schäffe goufe vereedegt

Jean-Marc Sturm
Clierf, Fëschbech, Keel, Käerch, Park Housen. Préizerdaul, Sandweiler, Schëtter, Stroossen a Viichten. Dës Gemengen hunn eppes gemeinsam.

Hier Buergermeeschteren a Schäffe sinn en Dënschdeg am Inneministère vereedegt ginn. Si waren déck 5 Wochen no de Gemengewalen déi Lescht an der Rei.

Déi lescht Buergermeeschteren a Schäffe goufe vereedegt

Rendezvous war am Sall 1 um 4. Stack vum Inneministère. Schonn nees muss ee soen, well do sinn an de leschte Wochen 98 Gemengemammen - a Pappe wéi och 218 Schäffe vereedegt ginn.

Et ass eng arodéiert Prozedur. Vum Zeremoniëmeeschter, engem héije Beamten, deen d’Reegelen erkläert, bis bei d’Begréissung vun der Inneministesch bis bei de Scotch um Tapis-plain, dee markéiert, wou wien, op wéi eng Manéier, fir d’offiziell Foto ze stoen huet.

Zu Sandweiler hat den ale Schäfferot deem Neie jo nach just virun der Vereedegung mam neie Gemengelogo e Kuckucksee an d’Nascht geluecht. Och wann een elo nees zeréck beim ale Logo ass. Déi nei Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer hëlt et antëscht geloossen: “Bon, dat wäerte mer awer elo geréieren. Ech menge mir stinn do driwwer. An aller Rou wäerte mer dat do geréieren an eisen ale Logo, dee wäert bestoe bleiwen.”

Extrait Jacqueline Breuer

Als 89. Buergermeeschter no de Wale gouf de Georges Keipes vereedegt. Hien huet zu Clierf d’Relève vum Emile Eicher iwwerholl. Fir dee jonken an neie Clierfer Buergermeeschter "...sinn dat grouss Fussstapfen, wou vill Projeten ugaange sinn, an déi féiere mer virun. Mir hunn och vill Neier, déi mer wëllen attackéieren....”

D’Inneministesch huet a Saache kommunalem Mandat vun enger nobeler Missioun geschwat, déi Zäit kascht a vill Facetten huet, vum Verwaltungsexpert, iwwer Sozialtherapeut an Urbanist, bis Krisemanager.

Back to Top
CIM LOGO