Santé: Réckbléck op déi lescht 7 DeegDéi meeschte Leit stieche sech weiderhin an der Vakanz un

Roy Grotz
D'Zuel vun Neiinfizéierten huet net weider changéiert a louch an der Woch vum 31. August bis de 6. September bei 281 Residenten.
© RTL-Grafik

D'lescht Woch goufen dann och nees méi Residenten op Covid getest, wéi déi lescht Woch am August: nämlech bal 48.000 Persounen. Dovunner waren 281 Leit positiv, wat der 46 op 100.000 Awunner sinn an domat och weiderhin ënnert dem Inzidenz-Wäert vu 50 läit.

Corona-Réckbléck/Reportage Roy Grotz

Dat geet aus der Woche-Statistik vun der Santé ervir, déi e Mëttwoch den Owend publizéiert gouf.Vun de bal 48.000 Tester goufen der ronn 9.400 duerch eng Ordonnance vum Dokter gemaach, 31.400 duerch Large-Scale-Test-Invitatiounen an 3.850 mat engem Voucher, deen et um Findel gouf.D'Zuel vu Kontakter, déi dës Persounen haten, ass awer bësse geklommen. Dee Chiffer ass vu knapp 1.496 op 1.510 an d'Luucht gaangen.D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit bei 580, par Rapport zu 572 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn, ass vu 5.984 op 6.256 eropgaangen.De Reproduktiounstaux ass erofgaangen, dat vun 1,06 op 1,02. De Positivitéitstaux vun den Tester ass gutt erofgaangen, vun 0,76% op 0,59%.D'Altersmoyenne bei den Neiinfizéierte läit bei eppes iwwer 31 Joer an ass domat däitlech erofgaangen. Déi Woch virdrun louch dee bei 35 Joer.An der 3. Woch hannerteneen ass de Grand-Duché ënnert 50, nämlech op ronn 46 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner komm, esou wéi déi Woch virdrun.Leit, déi a Quarantän sinn oder waren

1.510 Persoune waren d'lescht Woch a Quarantän. Dobäi komme 584 Leit, déi isoléiert gi sinn.

  

0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

29/06/2020

05/07/2020

21%

32%

23%

20%

4%

06/07/2020

12/07/2020

27%

27%

23%

19%

3%

13/07/2020

19/07/2020

29%

27%

21%

19%

4%

20/07/2020

26/07/2020

25%

24%

24%

21%

6%

27/07/2020

02/08/2020

23%

27%

24%

20%

5%

03/08/2020

09/08/2020

25%

26%

23%

21%

6%

10/08/2020

16/08/2020

18%

27%

25%

22%

7%

17/08/2020

23/08/2020

17%

30%

25%

22%

6%

24/08/2020

30/08/2020

18%

30%

24%

21%

6%

31/08/2020

06/09/2020

19%

31%

24%

22%

5%

D'Majoritéit vun de Leit huet sech am Ausland ugestach

Vun den 281 neie positive Fäll sinn der 126 op Reesen am Ausland zeréckzeféieren. Domat stellt dëst 46% vun all de Fäll duer, d'Woch virdru waren et der 52%. D'Santé rappelléiert dohier nach eemol, fir d'Gestes barrière an dat virgeschriwwent Verhalen anzehalen, och an der Vakanz. Et soll ee sech och teste loossen, wann ee Kontakt mat Risiko-Leit hat.
20% vun de Fäll, also 57 Neiinfektiounen, si warscheinlech op Kontaminatioune bannent Familljen zréckzeféieren, 5 Fäll (2%) op Familljefester oder Feieren ënner Frënn. 14 Fäll sinn op 4 sougenannte Clusteren zréckzeféieren, déi lescht Woch fonnt goufen.

PDF: Réckbléck vun der Santé op d'Woch vum 31. August bis de 6. September

Back to Top
CIM LOGO