
Zwar hätten d’amerikanesch Douanestaxe béide Säite geschuet, mee de groussen Handelskrich wier ausbliwwen.
Dat weist sech dann och an enger liichter Reprise zu Lëtzebuerg, mat engem Wuesstem vun 1% fir de PIB 2025, 1,7%fir 2026 an 2,1% fir 2027. Dat wier awer wäit vun deem, wat een aus den 2010er Jore kennt, erkläert den Tom Haas, Direkter vum Statec. Lëtzebuerg géif vun engem Ausnameschüler zu engem “normale Land” ginn, wéi déi aner europäesch Länner ronderëm och.
D’Präisdeierecht ass 2025 mat 2,5 Prozent nach liicht méi héich wéi an der Eurozon, soll awer d’nächst Joer zeréckgoen, well d‘Präisser vum Stroum falen. Déi nächst Indextranche ass fir dat drëtt Trimester 2026 virgesinn.
Den Emploi wäert dann no engem Wuesstem vun 1% dëst Joer déi nächst 2 Joer weider liicht wuessen, de Chômage 2026 ëm 0,1 Prozentpunkt falen op 5,8 Prozent.
Bei den ëffentleche Finanze stellt de Statec fir 2025 fest, dass d’Recetten zeréckgaange sinn, notamment wéinst dem vun der Regierung decidéierten Entlaaschtungspak. D’Pensiounsreform géif dann awer vun 2026 un zu méi Recettë bäidroen, dat géif eng zousätzlech 370 Milliounen Euro ausmaachen.
Op der anerer Säit bleiwen d’Ausgabe vum Staat weiderhin héich, mat engem rezenten Accord salarial an der fonction publique an Investissementer wéi dem neie Militärsatellit oder d’Projete vun den CFL. De solde public géif 2025 bei -0,1% vum PIB leien, a bis 2027 op -1% falen.
Bei de Vente vu Bensinn a Masutt gesäit de Statec viraus, dass d’Venten dëst an d’nächst Joer weider fale géifen. Beim Bensinn e Minus vu 4 respektiv 7 Prozent, dat géif zu enger Reduktioun vun den Zäregase féieren.