
U sech hat d'EU jo decidéiert, datt vun 2035 u keng nei Autoe mat engem Verbrennermotor méi dierfe verkaaft ginn. Nodeems Däitschland gefuerdert huet, dës Reegel ze kippen, hu siwen aner Memberlänner dozou opgeruff, fir awer weider un dësem Zil festzehalen.
Dësen Text ze verwässeren, wier e strateegesche Feeler, heescht et an engem Bréif - deen der Noriichtenagence AFP virläit - vu Frankräich, Spuenien, Portugal, Holland, Schweden, Dänemark an eeben och Lëtzebuerg. Déi aktuell Energiekris géif ganz kloer weisen, wéi wichteg et ass, datt Europa manner ofhängeg vu fossiller Energie gëtt.
Déi siwe Signatairë kéinten iwwerdeems eng sougenannt Spärminoritéit forméieren, an domat den neien Text blockéieren oder zumindest ausbremsen, esou nach d'Warnung aus dem franséischen Ëmweltministère.